the end of this blog as we know it

May 25th, 2008

Wéll et jo am Moment grad “in” ass, mat engem Blog opzehaalen, sprangen ech op den Zuch op a maachen dat och.

Spaass beisäit: Wi ech mat méngen zwee Blogen ugefaangen hun (desen 2003 an egalwaat.lu 2005), wollt ech se thematesch trennen. Desen sollt mäi perséinleche sin, wou ech ging dra schreiwen, wat och ëmmer ech wollt. egalwaat.lu sollt sëch dogéint réng em lëtzebuergesch Themen bekëmmeren, Säite virstellen an op di lëtzebuergesch Aktualitéit agoen, quasi e Leitmotiv.

Dëst ass mer awer an de läschte Méint (oder och Joren) ëmmer mi schlecht gelongen; duerwéngst haalen ech mat där Schizophrenie op a beschränke mech lo just nach op den Haaptsite egalwaat.lu, wou ech schreiwen no wat ech grad Loscht a Laun hun, ouni engem Recheschaft schëlleg ze sin. Basta!

D’Artikelen vun desem Blog wärt ech iergendwann eriwwer migréiren (wann ech eraus fonnt hun, wat ech mat den ënnerscheedlechen Kategorien maachen), d’Kommentarer hun ech schon zou gemaat. Duerno wärt ech dann hei och d’Luut aus maachen.

Eddi a Merci fir de Fësch. Djëft, dat sollt lo de läschte Saatz sin, mee wi ech e geschriwwen hun, ass mer bewosst gin, datt haut jo och den 25. Mee ass, den Towel Day, wat en Zoufall, lo hat ech dee baal verpasst.

spam, made in luxembourg

April 23rd, 2008

the kléiblad-dag strikes back

March 17th, 2008

lokalpress = egalpress?

February 15th, 2008

propaganda

February 14th, 2008

äntwer mer dat

February 11th, 2008

gesiichtsbuch

January 5th, 2008

BTVS: Doctor Who

January 2nd, 2008

BTVS: to be continued…

December 31st, 2007

wga strike

November 19th, 2007