Nei Nooperen
Hannen am Gaart huët ë Villchen säin Nascht an d’Kellertraap gebaut. Jo, an d’Kellertraap! Eigentlech gët së nemméi benotzt an ët läit och sou eng Zort duërchsichtege Wellblech driwwer. Ënnendrënner op der Traap sélwer läit allerlée Gemëchels, wéi ë puer holze Brieder an sou. Mä wou de Vull sëtzt, hun ech nach nët eraus fonnt. Ech wëll och nët zevill duerno siche goën, härno stéieren ech ën nach oder säin Nascht fiert futti. Ech hun och kéng Ahnung, waat fir eng Zort vu Vull ët ass. Ë gesäit ë bessen aus wi eng Märel, mäi Papp méngt ower, datt ët kéng wier. D’Kellertraap ass, iwwregens, jhust niëwent der Kichendiir, daat héescht, wann éen um Kichendësch sëtzt (eigentlech dobäi, nët drop ;) ), dann gesäit éen all Minutt eng Kéier ën schwarzen Schiët hin an hier fléien. Déen schéngt sëch nawéll schéin do z’ameséiren.
Dës läscht stoung d’Kichendiir op, wéngst der Hëtzt an dem Kachen an sou. Du koum ën bei d’Träppchen firun der Diir kucken an huët di ganzen Zäit era geluust. Ech haat nach ni ë Vull gesinn, déen sou wéineg Angscht haat. Mä ënnert der Traap ass ën ower eigentlech nët sou immens geschützt, wéll do d’Kaaze (déi aus der Noperschaft) gudd hikommen. Ech froën mech alt, firwaat ën d’Nascht nët um Baam gemaat huët.