"keen titel"
Haut koum di traureg Suite vun der Geschicht mam Villchen. Mäi Papp wollt gëschter Owend nach den Gaart netzen, ët wor ower schons donkel an wi ën dunn an engem Eck hannert engem Dëppen mat enger wëller Drauw den Villchen wi géckeg randaléiren gesinn huët, ass ën nemméi dohi gaang, fir ën nët zë stéieren. De Muerjhen dunn huët ën ën dunn fonnt, déen aarme Vull.
D’Märel (ët wor eng weiblech, wi ech spéider sollt gewuër ginn) hat sëch hallef stranguléiert, an zwar mat engem dënnen Nylonsfilet déen ënnen un der Drauw hängt. Iergendwéi haat së ën Laach dra gemaat, de Kapp duerch gestach an ass dunn nemméi eraus komm; doduerch huët së di ganz Nuëcht ëm hiert Liëwe gekämpft an wor de Moiën total erschöpft.
Nodéems së aus hierer mësslecher Laag befreit gouf, louch së dunn op engem kléngen Tellerchen, ganz roueg, jhust hiere Bauch huët sëch liicht beim Lofthuëlen bewécht. Am Ufank hu mer geduëcht, di jonk Märel ging sëch rem erhuëlen, wéll së géint der Mëtten och op éemol verschwonn wor. Am Nomëtten wor së dunn ower rëm do an huët ën erbärmlecht Bild ginn: së stoung am Haff, haat d’Béen ë bessen no fir gespreizt, sëch no hannen op den Schwanz gestäipt an huët de Kapp an engem onnatierlechen Wénkel no fir hänke geloos. Vun Zäit zu Zäit huët së dann versicht de Kapp zë hiëwen, waat hir ower nët sou richteg gelénge wollt.
No ë bessen Rëmtelefonéiers bei Bekannten, goufen mer dunn eng Adress gewuër (nach villmols Merci :) ), nämlech déi vun der Pflegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeléng. Séier do ugeruff, di woren och ganz frëndlech an hunn eis de Wée erklärt. Den Villchen an eng Schongkëscht mat Loftlächer gepaakt an nach direkt dohi gefuër, ët géint 8 Auer owes.
Wi mer ukoumen, wore mer nët di éenzeg, no eis koum och nach eng Famill mat enger Schongkëscht, wou ë bessen Stréi eraus geluust huët. Den Villchen gouf dunn ënnersicht an ët koum eraus, datt ën zimlech dehydratéiert wor (kéen Wonner, bei däer Hëtzt, mä méi, wi ëm ë besse Waasser dohi stellen, konnte mer och nët maachen). Mä ë wiër ower och nët immens bei Kräften an ënner ernährt, daat wir ower schons zënter Déeg esou. Ech froën mech zwar, wou daat ging hier kommen. De Vull wir ower schons baal erwuëssen an och wuël grad vun der Mamm entwinnt. Dunn kruut ën nach mat enger Pipette eng kléng Léisung mat Salz an Zocker an den Schniëwel gedrëpst, fir zë stärken.
Op dëser Plaaz wëll ech den Leit aus dem Diddelénger Déirenhéem nach eng Kéier villmols Merci soën, fir di Aarbecht di si do maachen. Sou eppes muss einfach ënnerstëtzt gin! Wéen wëll, kann och d’Säit vun der Natur- a Vulleschutzliga kucke goën. Also ass d’Geschicht ëm di jonk Märel gudd ausgaangen (hoffentlech), ët hätt mer soss einfach zë léed gedoën.