"keen titel"

Ën Ongléck kënnt séelen ëléng, soën së, ma ech mengen, do hunn së recht! Nët nëmmen, datt ë Méinden d’Aarbechter rem an der Strooss ugefaang hun, den Congé collectif ass nämlech eriwwer an duerfir gët lo d’Strooss rëm opgerappt. An wéi! Muëres um halwer aacht gët éen lo all Daag erwächt vun engem Presslofthummer, déen eng Véirelstonn laang firun der Dir schafft. Wirklech firun der Dir; de ganzen Trottoir ass schons fort an fir an d’Haus kënnt éen lo jhust nach iwwert eng wackleg, hëlzen Bréck di och nët immens stabil ausgesäit. Ën Elefant ging së opmannst nët packen! Mä duerfir fillt éen sëch lo uëwer wi an enger Buërg dohéem. “My home is my castle”; wann ët lo nach ging réenen, dann hätt och den Bréifdréier keng Chance méi; ech bräicht jhust di hëlzen Bréck erop zë zéien an mech mat engem Éemer gliddechem, schwaarze Pech um éischte Stack op d’Lauer zë lééen, wéll iwwert déen annerhalwe Meter déiwen Grouw kënnt kéen ;)

Sou, Klammer zou, wou wor ech stoë bliwwen? Ajo, daat zwéet Ongléck koum dunn ëlo de Muëren. Ech maachen den PC un an wärend dem BIOS fänkt op éemol eppes un mat gehierlos Kaméidi maachen. Ech den PC natierlech direkt rëm ausgemaat an mol opgeschrauwt; ech konnt ower näischt fannen. Also mol nach eng Kéier ugemaat (kids, don’t try this at home) an lo mengen ech mol, datt ech d’Quell vum Kaméidi fonnt hätt. Ët schéngt mer den Ventilator am Netzdéel zë sinn, oder och eppes am Netzdéel sélwer. Mat Netzdéeler kennen ech mech nët sou gudd aus. Duerfir ginn ech léiwer och nët drun knëchelen. Mä u sëch misst den Computer normal fonktionéiren, duerfir maachen ech lo mol ë bessen Plaaz um Laptop, starten séier de PC, kopéiren meng Daten all iwwert den LAN eriwwer an dann kucken ech mol wéi ët weider géet.

Leave a Reply