"keen titel"

Wéll ech dësléscht nët souvill Zäit haat, wor ech nach nët dozou komm, mol op d’Schuëberfouer zë goën. Duerfir sinn ech am Nomëtten mol eng Kéier kuërz ‘driwwergelaaf’. Souvill Leit waren nët do an op de Spiller soussen der zë waarden, datt der méi gingen kommen, fir datt ët endlech lass kinnt goën. Iergendwéi haat ech ower kéng Loscht op ë Spill an hun jhust déem neien Spill uëwen beim Theater ë bessen nogekuckt. Ech muss soën, den “Maxximum” (oder sou ähnlech) ass näischt direkt fir mech. Nët datt ech mech nët ging trauen drop zë goën, mä ët reizt mech nët. Interessant wiër och mol gewuër zë ginn, wéivill G éen do ging bei vollen Touren spiiren. Do wärt schons déen éen oder aaneren éen décken an d’Box gesaat hun ;)

Leave a Reply