"keen titel"
Thursday, October 2nd, 2003Haut den Owend wor ech mat Kollegen op d’Bureautec. U sëch ass di ganz Foire jo éier geduëcht fir professionnel Klienten, Geschäftsleit an sou weider, mä daat ass jo eigentlech die éenzeg “Technologie”-Foire hei am Land an och nach jhust all zwée Joër; do fannen ech, kann éen sëch daat scho mol léeschten, wann ët éen interesséiert.
Di éenzeg Visiteuren di do waren, konnt éen dunn och an 2 Lageren splécken; engersäits di, wi schon erwähnten, professionnel Leit, ëmmer op der Sich no engem neien Schnäppchen, fir den Profit vun hirer Firma zë steigeren oder einfach nëmmen frou, datt së den Besuch vun hirer Aarbechtszäit oofgerechent kréien; aanerersäits dann sou Spasten wi mir, Studenten, di nët wëssen, waat së mat hirer Fräizäit sollen ufänken oder gär méngen, së kéimen sëch dichteg fir oder méngen, së kinnten ë puër kuërz Bléck op di neisten technologesch Errungenschaften vun eiser Zivilisatioun wärfen.
Mä ass ët jo sou, datt, am Géigensaatz zu den groussen Schwesteren am Ausland, wi der CeBIT oder der Comdex, d’Bureautec leider kéng Plattform ass, fir nei Entwécklongen zë präsentéiren; de Schwéierpunkt läit éier um Opbauen vun Geschäftsrelatiounen. An wéll méng Kollegen an ech natierlech nët mat dem Ziel dohin gaangen sin, huët éen schons gewëss Virstellungen, wéi di Visite wärt ooflaafen, déelweils geprägt vun déenen Kéiren an den Joren firdrun.
Interessanterweis wor dëst Joër daat alles ë besschen aanescht. Wann éen soss frou wor, datt éen konnt séier tëschent de Leit nach eng Broschure oder ë Gadget an d’Hand kréien, sinn engem dës Kéier d’Virféirer un den Stänn praktesch nogelaaf. No engem ufanks liichten Schlenderen tëschend den éischten Présentateuren, si mer zoufälleg laanscht den Stand vun IBM komm. Liicht verwonnert hu mer op ën frigosgroussen Server gekuckt, déen nawell liicht Kaméidi produzéiert huët, wahrscheinlech wéll ët nët grad kaal an der Haal wor: gehëtzte Reim sinn fir Serveren jo éier suboptimal. Doniëwend wor ën TFT-Bildschirm zë gesinn, am Bréedbildformat. Leider wor d’Schrëft vum Windows-Desktop, déen drop zë gesinn wor, ë bessen zë kléng agestallt. Néen, Moment mol, déi wor schons grouss, mä den Écran wor op eng gehiirlos grous Opléisung agestallt. Sougläich koum dunn och ën $SALES-DROID ugeflunn an huët eis direkt ugefaang dovun zë schwätzen, waat fir ën immenst Déngens daat wir. Ën héichopléisenden TFT-Bildschirm mat enger Opléisung vun 3.800 an eppes mol eppes Pixel, mat 22 Zoll Gréisst an an enger Präiskatégorie, di leider eisen Portmonni ë “bëssen” iwwerstigen huët, sou ëm di zing Dausender misst éen dohin bliëderen. “OK”, duëcht mer, “Merci an Eddi. Déen wées souwisou, datt daat alles näischt fir eis ass.” Mä komescherweis huët den frëndlechen Här mat eis weider geschnësst. Doraus ass dunn eng hallef Stonn ginn. Wahrscheinlech wor den Mann frou, mol mat einfache Leit zë schwätzen, wou éen nët di ganzen Zäit muss oppassen, datt éen kéen falscht Wuërt séet.
Iwwerhaapt woren d’Verkéefer gudd op eis Normalstierwlecher” zë schwätzen. Daat nämlecht ass dunn nach bei engem weideren Stand geschitt. Di drëtte Kéier dunn, wor ët awer ë bessen zevill, och wéll mer mat däer Firma iwwerhaapt näischt konnten ufänken: ët wor nämlech eng Bank. Beim Laanschtgoën kuckt éen op ë Stand, waat fir Monitoren së benotzt hun oder einfach nëmmen fir eraus zë fannen, ëm waat ët do iwwerhaapt géet, an schons hat ën rëm sou éen $SALES-DROID hannen drun pechen. “Kommt, ech weisen Iech, waat ët hei fir immens Produiten ginn. Daat alles léeft iwwert Internet an Dir kënnt… blabla…”. Dann nach ë puër strategesch Bullshit-Bingo-Wiërder ageknäppt an den Discours wor laang genuch, fir nët einfach kënnen weiderzëgoën. Du stoung den aarmen Kärel do an konnt de Mann nët einfach sou firun de Kapp stoussen. Den Présentateur ower wor frou, ën neit Affer fonnt zë hun. Dubéemol ass ët eis ower gelongen z’entkommen, ouni awer nach mat Gadgeten agedéckt zë ginn, ausser engem Bic och nach sou eng Plastiks-Orange fir zësummen zë knautschen, angeblech ë “Balle anti-stress” wéi mer dunn houfreg erklärt kruuten. Dichteg, dichteg… an Eddi. Wi mer ëm den nächsten Eck fortgelaaf sinn, konnt ech nach erblécksen, wi den Verkéefer eis traureg nogebléckt huët, ën haat mech an déem Moment un ën Hond erënnert, déen traureg op enger eideler Autobunn ausgesaat gouf an séngem éhemolegen Herrchen nokuckt, wi déen fortfiërt.
Duërno konnte mer nach eng Kéier kuërz déenen Mädecher vun der Gank-Animatioun nokucken, déi …ëhm, relativ liicht gekléed woren (Oben-Ohne jhust mat Body-Painting) an dann nach ën “Avengers”-Verschnëtt mat enger “Emma Peele” di mat hirem Latex-Ganzkiërperkondom nawéll relativ vill Kaméidi beim Goën gemaat huët. Zum Schluss woren mer eigentlech och ganz gudd versuërgt, mat Tonne Bic’en, Bäll, CD-ROM’en an dées ganzt Gemëchels an natierlech och mat enger ganzer Pabeiersammlung voll Brochuren. Eigentlech wor ët rëm relativ witzeg (vläit fannen ech och einfach alles witzeg) an mir hunn eis Täschen an Tuuten schon prétt fir 2005!
