geschichten aus dem alldag
Ë Méinden hat ët jo nawéll déck geschneit; ech wor ganz iwwerascht, wéi ech aus der Fënster eraus gekuckt hun an eng Schnéischicht vun 5 Zentimeter Déckt konnt gesin. Obwuël ech mer zwar direkt geduecht hun, datt ech lo rëm misst eraus den Trottoir fräi schëppe goën, wor dat nët mäin éischte Gedanken.
Nët, datt ech eppes géint Schnéischëppen hätt. Mat engem vun déenen “StrosseKaatzen” wéi d’Stad së huët, wier dat jo bestëmmt amüsant. Mä un wat ech mech erënnert hun, wor éier “nostalgescher” Natur. Als Kand sin ech immens gär mam Schlitt gefuër. Eng 300 Meter vu méngem Héem gët ë kléngen ënnerierdeschen Parking, ob déem eng Wiss wiist. De Bord vun der Wiss läit méi déif wi d’Strooss, sou datt éen am Wanter do eng formidabel Plaaz huët, fir sëch kënnen mam Schlitt auszetoben. Wuël gesoot, als Kand, wéll déen Ofhang ass vläit keng ganz 4 Meter héich. Mä dat goung schons duër.
Soubaal ët dann geschneit hat, sin ech mat mengen Elteren (an natierlech mam Schlitt!) dohin gaang, oder besser gesoot: ech hu mech dohin geschléeft. Dat wor nämlech nach sou ë Schlitt am “klasseche” Stil, aus Holz an sou. Ech mengen, ë stéet lo souguër nach ënnen am Keller, hannen am Eck. Duerch de Schnéi gouf ën gezunn, laanscht di kléng Hënnechtgärt vun den Haiser um Wée dohin. Ukomm, huët éen dann missten eng kléng Plaaz fir sëch fannen, wéll do méeschtens schon genuch aner Kanner amgaang woren, eroof zë rutschen. Mä dat wor eng Fréed!
Leider gët ët jo haut (opmannst an der Stad) nemmi genuch Schnéi, fir kënne mam Schlitt zë fuëren. Nët, datt ech dat firhätt, mä d’Méiglechkéet alleng wir jo och schéin. Nujo, Schnéi schëppen mecht jo Spaass (wann den Trottoir nët zë grouss ass), jhust d’Kaatz huët ë bessen “not amused” dra gekuckt, wéi së hir Patten huët missten hiëwen, fir duerch de Schnéi zë stapfen. Wat mëcht déi dann och dobaussen?