Archive for May, 2004

eppes.egalwaat.lu

Tuesday, May 11th, 2004

eppes.egalwaat.lu

Ech hu mech alt rem ë bessen op der Säit ameséiert. Nodéems egalwaat.lu eng länger Zäit broch louch (hat net genuch Zäit an heiansdo (méeschtens) och net mi richteg Loscht, drun zë kniwwelen (wéll ech dat alles och alleng maachen (ech hoffen, ech kommen mat de Klaammeren nach gudd aus (net, datt ech der méi opmaachen, wéi zou ;) )))), ass d’Säit lo frësch ënnert enger mi einfacher Versioun opgaang.

Ech war schon ëmmer ë Fan vun Linksammlungen zu allméiglechem Blödsinn, an wéll ët mer jo net richteg gelongen ass, eng Zort lëtzebuergescht “Portal” zu déem Thema opzëmaachen (okay.lu ass do vill besser), héescht mäin Motto lo “back to the basics”. Eng réng Lëscht mat allméiglechen Säiten, déi éen per Zoufall kann oofruffen. Spéider wärt ech dann och eng Méiglechkéet dobäi maachen, di ganz Lëscht kënnen zë kucken.

zwiëlef stären

Saturday, May 1st, 2004