zu arel op der knippchen
Virun ë puër Joren hun ech zu Arel réigelméisseg ë bestëmmte Wée geholl, vun der Gare bis an d’Schoul an rem zréck. Dobäi sin ech laanscht ë Gebei komm, datt schon iergendwéi beandrockend wor: zimlech laang gestréckt, grouss gro Maueren an vläit eng honnert Joër aal. Mä ët louch direkt un der Haaptstrooss, wouduërch ët zimlech onwahrscheinlech ausgesinn huët. Wann éen um Trottoir laanscht gang ass, huët éen mol net ernuëcht geholl, datt dat de Prisong ass, wéi ech spéider gewuër gouf. Ët wor einfach ë Gebei, wi di aaner och, näischt méi, näischt manner.
Ech hu mer heiansdo d’Fro gestallt, wat fir Leit do ginge sëtzen, mä hun kéng Äntwert drop fonnt. Vläit mussen ët mol net där “ganz Béiser” sin, vläit Onschëlleger oder gescheitert Existenzen, déi duërch hiërt Ëmfeld zu Saachen gedriwwe si gin, déi së sélwer net wollten. Mä aanerersäits, kinnt éen dat dann net zu jhidder Verbriëcher soën? “Ech kann net dofir, d’Gesellschaft ass schold!” Sou eppes kann éen vläit verstoën, datt ët existéiert, mä muss éen dat akzeptéiren? Ech setzen firaus, datt baal _jhiddfer_ Mënsch ë Minimum un Moral an Ethik besetzt an sélwer kann décidéiren, wat gudd an schlecht ass. Dat éent vläit ë bësse mi gudd, dat aanert vläit ë bësse mi schlecht. Mä verschidde Saachen sin einfach net z’entschëllegen. Do kann éen nach sou eng beschasse Kandhéet gehaat hun, nach souvill Pech am Liëwe erliëwt hun, nach sou schlëmm zougespillt kruut hun.
Eigentlech wollt ech nach schreiwen, datt mer sollen hoffen, datt sou eppes wéi den Dutroux-Fall an der Bélsch ni wärt hei zu Lëtzebuerg geschéien. Dach net bei eis, mir sin dach jhust ë kléngt Land, wou soss alles ënnert den Dësch gekiërt get. Mä ech färten, all Land wärt eng Kéier säin “Dutroux” musse mat maachen.