de feierfuus

Zënter enger gewëssen Zäitchen sin ech lo um Web mam Firefox ënnerwée. Dat ass ë Webbrowser, déen eigentlech jhust eng Éenzelversioun vum Browser aus der Mozilla-Suite ass. Eigentlech hat ech ën och jhust als kléng Alternative zum Internet Explorer an Opera installéiert, déi ech bis ëlo benotzt hun.

Mä lo, no 2 Méint mam Firefox, sin ech vollkommen iwwerzéecht vun desem Browser. Den IE ass lo schon fir eng Zäitchen nemmi gestart gin, genausou den Opera. An dat wëll eppes héeschen, wéll ech ni séier déi Programmer wiësselen, déi ech mi oft benotzen. Dat flott um Firefox sinn all di kléng “Extensions”, déi vun alle méigleche Leit geschriwwen gin, als Zousatz zum normalen Browser. Z. Bsp. ginn ët Zousätz fir mëttels Gesten mat der Maus zë navigéiren oder fir automatesch bestëmmten Reklammsbanner zë blockéiren. An sëch wéi den IE ass souwisou baal all Browser.

Duërfir luëd ën Iech nach haut eroof, de Firefox!
Get Firefox

Leave a Reply