méenungsfräihéet
Thursday, September 23rd, 2004Wat sin ech frou, datt ech net am Iran liëwen, wéi dës Kampagne vun iranesche Blogger weist. Ët soll do éen “Intranet” geschaafe gin, déen vum rechtlechen Internet ofgeschiermt kann gin. Mä och an eiser sougenannter westlecher “ziviliséierter” Welt géet ët net ëmmer mat fairen Mëttelen zou. Z. Bsp. an den US vun A, wou den Verdéedegungsministère d’Wahlen nächsten November organiséiert. Do gouf einfach mol den offizielle Site, wou sëch d’US-Amerikaner am Ausland kënne fir d’Wahlen registréiren, fir di sélwecht gespaart (hei ën Telepolis-Artikel doriwwer). Angeblech wéngst Angscht firun Hackerugrëff, eng zimlech bëlleg Excuse. Iergendwéi sin ech trotzdem frou, datt hei zu Lëtzebuerg d’Wahlpflicht herrscht, och wann verschiddener mengen, datt ob wiëlen oder net, jidderengem Éenzelnen iwwerlooss sollt bleiwen. Mä opmannst kann sou kéen mech drun hënneren wiëlen zë goën.
