liëwenselixier?

Iergendwéi hun ech ët a läschter Zäit nemméi sou mam Elektreschen. An der Nuëcht vun ë Freiden op ë Samschden gouf ët hei (do, wou ech wunnen) ë gehiirloost Donnerwiëder, selbstverständlech mat déenen dozou gehéirende Blëtzer. Ech duëcht ée Moment, mir ging den Himmel op de Kapp faalen, sou no an haart huët ët gerabbelt. Nujo, op jhiddfer Fall wor d’Resultat de nächste Muëren a Form vun enger Telévisioun, di net mi ugoung, sichtbar. Lo haaten së éischt d’läscht Joër d’elektresch Kabelen ënnert de Buëdem verluëgt (trei Blog-Liëser erënneren sëch drun ;) ), sou datt eppes wi dat doten eigentlech nemmi diërft virkommen, da schléit de Blëtz natierlech (wahrscheinlech) an d’Gemeinschaftsantenn an! De Verkéefer am Geschäft huët iwwregens behaapt, datt dat nämlecht séngen Elteren och an der sélwechter Nuëcht geschidd wir.

Leave a Reply