eng grenz manner

D’SpaceShip One huët haut mat séngem drëtten Flug un d’Grenz vum Weltraum (100 km Héicht) den Ansari X-Präiss gewonnen. Meng Gratulatiounen dozou!

Wi an den 50′er Joren déi éischt Objeten an den Weltraum geschoss goufen, hun sëch Science-Fiction-Auteuren schon firgestallt, wéi d’Mënschhéet an 20 oder 30 Joren schon sëch an Weltraumhoteler ging tummelen oder an engem Appartement um Mound oder guër um Mars. Wéi dunn 1961 den éischten bemannten Weltraumflug an 1969 di éischte bemannten Moundlandung statt fonnt hun, hun sëch di nämlecht Visionären bestätegt gefillt, datt iergendwann eng Kéier “do uëwen” méi Mënschen wärten liëwen, wéi “hei ënnen”. Datt dat eng Kéier de Fall wärt sin, gléewen ech och, mä d’ fro fänkt net un mat “Ob”, mä mat “Wéini”.

D’70er Joren hun ower dunn gewisen, datt d’Weltraumfahrt ower leider un terrestreschen Problemer leid, wéi z. Bsp. dem Geld. D’Iddi ass schéin, mä Geld bréngt ët net eran, wat hautzudags (an eigentlech schon ëmmer) éent vun den Haaptargumenter fir iergendwelch Projeten ass. Duerfir sinn dës éischt PRIVAT bemannten Ausflich un den Ufank vum Weltraum ë richtege Schrëtt an di richteg Richtung. Wat nëtzt ët engem, wann eng Regierung kann mat Milliarden Steiergelder rieseg Rakéiten erop schéissen, fir datt Astro/Kosmo/Taiko-nauten do ë bessen rem fléien oder Golf um Mound spille kënnen? Wann dogéint privat, kommerziell Firmen kléng Hopser iwwert der Atmosphäre oder ë Weekend an enger Raumstatioun fir Privatleit zu vernënftege Präisser ubidden, dann kann sëch dat ganzt och finanziell rentéiren. Dat wor schon ëmmer sou. Am Ufank stoungen zwar ëmmer Idealisten an Visionären um Plang, déi alles lancéiert hun, mä wann d’Iddi sollt réaliséiert an weider ausgebaut sollt gin, huët missten Geld hier. De Christoph Kolumbus huët och net Amerika aus “hehren Zieler” entdeckt, mä wéll ën wollt eng nei Route no Indien fannen, fir mi séier un di wertvoll Gewürzer zë kommen.

Mä egal wéi d’Mënschen weider kommen, Haaptsach ass, datt dat geschidd an an dësem Fall gesinn ech eng roseg Zoukonft. Ech ging souguër soën, datt di kommerziell bemanten Raumfahrt an déenen nächsten zéng bis zwanzeg Joër dat sougenannten “next big thing” wärt gin, sou wi d’PCen an den 80er oder den Internet an den 90er.

Leider wärt mam Anzuch vum Kapitalismus an di bemannten Raumfahrt och d’Risikoberéedschaft klammen, hoffe mer, datt dat alles gudd ausgéet. Leider wärt ët wuël inévitabel sin, datt och Akzidenter oder Uschléi an déem Beräich wärte geschéien. Trotzdem ging baal fir näischt an der Welt sou ë Ërliëwnes (Weltraumflug) versäumen, wann ech dann eng Kéier d’Geléenhéet dozou hätt. D’Welt soll vun do uëwen sou kléng ausgesinn…

Leave a Reply