faith of the wallet?
Als langjährege Star Trek-Fan, hun ech di zwou éischt Staffelen vun “Enterprise” net fir immens groussarteg fonnt; iergendwéi woren ët rem di Standalone-Episoden aus den béiden éischten Serien an “Voyager”. Dat, wat mer un “Deep Space 9″ (an méngen Aaën nach ëmmer di béschten ST-Serie) sou gefall, huët, wor den ‘Arc’ iwwert di ganz Serie ewech di kontinuéierlech Weiderentwécklung vum Plot an den Charakteren.
Bei der drëtter Staffel haaten së dat dunn och endlech agesinn an di véiert fannen ech bis ëlo di bäscht, mä leider sollt ët och di läscht sin, wéll “Star Trek: Enterprise” (de Numm gouf um Ufank vun der drëtter Staffel geännert) gouf oofgesaat. Gerad lo wi si ugefang huët richteg gudd zë gin. D’Fans sin duerfir op eng zwar originell, mä a méngen Aaën net duërchféierbar Aktioun komm: wann jidderéen just ging 10 $ bezuëlen, kinnten së d’Serie weider dréien. Ech huëlen un, datt Paramount sëch wuël kaum op sou eppes aléisst, mä d’Geschicht huët souguër bis op Slashdot gepackt. Mä éierlech gesoot, Kanner gidd ët dach op! Loosst Star Trek eng kléng Rouh, vläit géet ët dann härno ëm sou besser. Ën 11. Film ass souwisou schon an der Maach.