Zënter 1996 (domols kruut ech mäin éischten Computer) sin ech gewinnt, di berühmten Copy&Paste-aktioun mat den Knäppecherskombinatiounen “Ctrl”+”Insert” an Shift”+”Insert” duërch zë féiren. Lo wollt ech mer eng nei Tastatur kaafen, wéll di aal schon zimlech dréckeg ass, den “Enter”-Knäppchen géet baal nemmi an së ass och ë bessen voll mat Grimmelen vun schotteschen Sandkichelcher an Flecken vun Banannejus.

Datt éen baal néirens méi eng einfach Tastatur kaafen kann, hun ech gemiërkt, wéi ech sou an d’Geschäfter kucke gaange sin. Iwwerall ginn ët just nach di “super-duper-hyper-mega-ultra-modern Natural Ergonomic VIP-Keyboard for character typing” oder sou. Inklusive kabelloser Maus an së liicht och am Donkelen. Endlech hat ech dunn ë Butték fonnt, déen einfach normal “Clavieren” féiert. Firdrun haat ech eng Mitsumi-Standard ouni Schickimicki, därer haaten së och, mä am läschten Abléck konnt ech nach gesinn, datt ët, am Konträr zur Këscht, eng AZERTY-Tastatur wor. Och wann ech ë Joër laang AZERTY-Dactylographie konnt ‘genéissen’, hun ech bis ëlo erfollegräich alles, wat net zu QWERTZ gehéiert, aus méngem Gediëchtnes konne verdréngen. Also wech domat…

Nächst Këscht: Logitech, okay, gudd Mark, bis ëlo zëfridden domat (hat eng Maus vun hinnen). Layout ass Schwäizer-Franséisch, also QWERTZ, Knäppecher loossen sëch gudd drécken, maachen net zëvill Kaméidi; am Groussen a Ganzen gudd, kaaf! Dohéem ausgepaakt, ugeschloss a lass geschriwwen, Okay, net direkt, mä wi ech dunn di éischte Kéier eppes wollt kopéiren, hun ech de Misère entdeckt. Wéi kënnt éen dann drop den “Insert”-Knäppchen einfach ewech faalen zë loossen? Den “Delete” zidd sëch duërfir duëbel sou laang no uëwen an hëllt di fehlend Plaaz an. Wat fir ée Sënn ergëtt dat? Ech kréien nach Mippecher hei, wann ech lo all Kéiers net drun denken fir “Ctrl”+”C” an “Ctrl”+”V” zë benotzen, mä duërfir déen sélektionnéierten Text läschen. AAARGHL!

Duerfir froën ech: FIRWAAT?? An lo so mer kéen: DUËRFIR!!

Leave a Reply