neies

Firun enger Weil wor ech op WordPress gestouss an hun dat mol vir ën interessante System fonnt. Ech wärt mol irgendwann eng Kéier dat Déngens installéiren, wéll dat heitent ass net sou dat Gringt vum Ée.

U sëch ass blog.egalwaat.lu just entstaan, wéll ech Loscht hat, sélwer ë kléngen Blog zë schreiwen an wéll ech mech heiansdo gär mat Programméiren ameséiren. Ech duëcht mer, datt d’Fonktiounen vun dësem Blog mat der Zäit ginge wuëssen. Bis zu engem bestëmmtenen Punkt stëmmt dat och, mä verschidden Fonktiounen (wi z. Bsp. Trackback, Kommentären…) sin dach éier opwänneg z’implémentéiren. Opmannst zë opwänneg fir just ë kléngen Fräizäitvertreib. En plus, huët de Blogservice (ursprünglech just fir mech geduëcht, mä hun ën dunn ower fir jidderéen opgemaat) och kéen sou ë groussen Succès kannt. Bis ëlo sin éelef Leit registréiert, vun déenen ower, ausser mir, just 4 eppes dra geschriwwen hun an dovun rem nëmmen éen nach hautzudags heiansdo eppes dra schreiwt. Duërfir hun ech lo mol d’Registréiren-Fonktioun eraus geholl.

Wann ech iergendwann (keng Ahnung, wéini) ë neien System installéiert hun, wärt ech wahrscheinlech rem d’Optioun umaachen, datt och aanerer sëch kënne registréiren, op a wéi dat dann och ëmmer wärt fonktionéiren. Bis dann wärt ech lo mol di éenzel Useren uschreiwen, ob së hir Konten wëllen haalen.

Dat ganzt huët lo annerhallewt Joër “relativ” gudd fonktionéiert an ech soën all de Liëser Merci, datt së alt heiansdo hei hin kucke koumen, fir noezëliësen, wat iergend sou ë friëmen Typchen do hi schreiwt, ouni zë wëssen, op dat “iergend Sau” interesséiert. Wéi ët och ëmmer wärt weider goën, hei op dëser Plaaz gidd der Neies gewuër.

Leave a Reply