Dem Ingeniör ist nichts zu schwör.
Tuesday, April 26th, 2005
An der Wikipedia steet haut, datt di däitsch Iwwersetzerin Dr. Erika Fuchs den 22. Abrëll gestuërwen ass. Si wor bekannt ginn, fir hir phantasieräich Iwwersetzungen vun Disney-Comicen an als Erfanner vum Erikativ. Als bekennenden Donald-Fan erënneren ech mech nach, wi ech als Kand all Woch d’Micky-Maus kaaf hun an d’Billergeschichten richteg verschlong hunn. Besonnesch d’Carl Barks-Comicen an däer berühmtener däitscher Iwwersetzung an d’ Don Rosa-Geschichten haat ech am léiwsten. D’Erika Fuchs huët mat hiren ëmschreiwenden Aussoën d’Sprochgefill vun enger ganzer Generatioun beaflosst; besonnesch zu den heitegen Zäiten vun der schrëftlecher Kommunikatioun iwwert Internet-medien ginn hir Lautmolereien méi benotzt wi jemols firdrun.
