“relaunch”

Ech hun ët lo an de läschten Deeg geschafft, Wordpress erfollegräich z’installéiren an zë konfiguréiren. Ech muss soën, dat wor mi einfach, wi ech mer dat firgestallt hat. Hir sougenannten “5-Minuten-Installatioun” huët zwar ë besse mi laang gedauert, mä dat wor näischt am Verglach zu verschidden aaneren Programmer, di ech am Laaf vun der Zäit ausprobéiert hunn.

Desweideren hun ech lo den Haaptsite dementspriëchend verännert, datt zwar den Zoufallslink erhaale bleiwt, mä sëch do lo ë Blog befënnt, an deem verschidden Siten firgestallt ginn. Dat ganzt soll sou eppes Ähnleches wi BoingBoing.net op lëtzebuergesch ginn. D’Haaptthema ginn also interessant, witzeg oder einfach nëmmen komesch Säiten an Saachenvun oder iwwert Lëtzebuerg.

Ech wees lo just nach net, ob ech dëse Blog soll als perséinlechen bäibehaalen oder och op WordPress ëmklammen. Mä dann kinnt ech di aaner Userbloggen nemmi weider féiren, wéll ech ginn net fir all eenzelnen eppes installéiren, wou härno dach keen dra schreiwt. Mä lo fir d’éischt kucken ech mol wat aus där ganzer Saach iwwerhaapt gett.

Leave a Reply