brave new world
Nodeems ech den WordPress erfollegräich um Haaptsite un d’Laafen kruut, hunn ech décidéiert, dat nämlecht och mat mengem peséinlechen Blog zë maachen. Ech wollt dat ganzt eigentlech schon gëschter maachen, mä dunn huët de Server rem gesponnen an härno hat ech meng Méih, alles rem un d’Laafen zë kréien. Deen huët a läschter Zäit nawell zimlech oft den Hick, hmm…
Wéi och ëmmer, ech wärt lo mol versichen di aal Artikelen aus mengem sélwer gestrécktenen Blog z’importéiren. Wéll ech mäin éegent Format benotzt hun, geet dat leider net automatesch an ech muss all Artikel eenzel per Hand eriwwer huëlen. Kucke mol, wi laang dat dauert, ech gesinn grad, datt ët der mëttlerweil 85 sinn.