may the schwartz be with you
Dat ass einfach net zë gleewen. Datt firun engem neien “Star Wars”-Film d’Nerds schon 2 Méint firdrun un der Kinoskees stinn, okay. Sou eppes ass een jo baal schon gewinnt aus USAnien, dem Land vun den onbegrenzten Onméiglechkéeten. Mä datt së firun engem Kino stinn, an deem de Film iwwerhaapt net wärt laafen an datt së aus Protest refuséiren zë réckelen? De Wil Wheaton hat sëch a séngem Blog liicht driwwer ameséiert an kruut dorops hin Protestemailen vun deenen Gecken an der Linn. Jo stinn déi dann do mat Laptopen, oder wat? Dee ganzen Artikel kann een op séngem Site noliësen: kid, you’ve paid your dues