habemus ben
Dann hu mer lo also ë neien Poopst. Iergendwéi komesch, net datt ech oft op ën opgepasst hätt, mä trotzdem wor dat eng öffentlech Persoun, di een laang begléed huët, den Jean-Paul II. Mech souguër mäin ganzt Liëwen, fir mech gouf ët just de Poopst an net dee Poopst. D’Fonktioun gouf automatesch mat der Persoun, deem ëmmer presenten, mä krankem Kiërper gläich gesaat.
An lo huët den däitschen Kardinol Ratzinger also d’Wahl gewonnen an nennt sëch Benedikt. Benedikt den XVI. Klengt u sëch net immens originell, wi dat beim Jean-Paul I. wor, mä wien wees, wat lo nach kënnt. An England haaten së jo de Geck gemaat, datt nom John Paul, den George Ringo ging kommen. Vläit ännert sëch jo lo eppes oder ët bleiwt, wi ët ass.