babylon
Wéi ech lo grad zoufälleg op engem Blog geliës hun, Fáilte, soll vun 2007 un Gaelesch eng offiziell Sprooch vun der Europäescher Unioun ginn. Do froën ech mech awer firwat dann net och Lëtzebuergesch? Ech verstinn, wann een ging soën, mir huëlen just déi Sprooch di vun wéinstens x Persoune geschwaat gin oder opmannst eng Nationalsprooch ass (wéi dat Lëtzebuergescht!), mä alleng dat Maltesescht gett vun manner Leit geschwaat wi eis Sprooch. Wann een ower lo och nach ufänkt all méiglech Dialekter unzëhuëlen, dann kann een genausou gudd och all di Dolmetscher fir Lëtzebuergesch bezuëlen. Souguër Baskesch, Katalanesch an Galizesch sollen ën semioffiziellen Status kréien. Di Länner beméien sëch och schons zënter Joren fir d’Unerkennung vun hiren Sproochen, mä Lëtzebuerg mat sengem typeschen Mannerwärtegkeetskomplex traut sëch jo net dozou nëmmen een Wuërt zë soën.
September 24th, 2005 at 17:28
Soll ech dir soen, firwaat daat do deifsten ADR-Kabes ass? (Dei haaten daat als eischten Punkt fir hiren Europa-Wahlkampf, nirwebai.)
Mir brauchen keng Tonnen Dokumenter op Letztebuergesch. Alleguerten dei Leit, dei letzteburgesch liesen kennen, kennen och Daitsch an Franzseisch liesen. Wiesou sollt all Dokument extra op letztebuergesch iwersaat gin? Daat wir just Ressourceverschwendung! Ausserdem ged et vill Fachausdreck op letztebuergesch net. Dei Iwersetzungen wieren voll mat franzeischen oder daitschen Ausdreck, waat daat ganzt nach mei schwiereg ze liesen geif maachen.
Mee Vive den Heng an Vive d’Letzeboier, wiesou schloen mer letzebuergesch net direkt als Amtssprooch an der ganzer Eu fir? Hepp, an d’Verfassung domadder!