Foljenden Blog-andrag dreckt mol eng Kéier aus, wat ech mer schon zënter laangem geduëcht hun: d’Schrëftart "Comic Sans" ass keng Schrëftart, mä eng Krankheet! Iwwerall gesäit een Ziëdelen hänken, besonnesch op Invitatiounen oder iergendwelleg Matdeelungen u Guicheten, di mat deenen grujhelegen pseudo-lëschtegen Möchtegern-Comic-Buchstaawen een op "Mir-sin-Staatsbeamten-mä-kënnen-trotzdem-witzeg-sin-andeems-mer-prefabrikéiert-Lëschtegkeet-benotzen" maachen. Di ass fuërchtbar, di Schrëft! Dir musst jo net ëmmer ë Standard wi di bieder "Times New Roman" oder di langweileg "Arial" benotzen, mä mat sou eppes wi där doten verdreiwt een dach jhiddereen. Ech sélwer benotzen am léiwsten "Verdana" oder hir mi enk Variant "Tahoma".
This entry was posted
on Tuesday, August 16th, 2005 at 20:25 and is filed under Alldag, Internet & PC.
You can follow any responses to this entry through the RSS 2.0 feed.
You can leave a response, or trackback from your own site.
August 16th, 2005 at 21:18
Aaaah, du schwetz mer aus der Séil ;)
Houer Comic Sans MS.
As jo sou asi di schreft.