beweist dat!

Spaghettimonster dat flitt Zënter Joren versichen chrëschtlech Fundamentalisten an den USA d’Iddi vum “Intelligent Design” anzeféiren, nodeem’s së mam Kreationismus net mi su richteg ukomm sin. Während di läscht Theorie dovun schwätzt, datt Gott d’Welt erschaaf hätt, geet di éischt vun engem méi “weltlechen” Punkt aus, a seet, datt dat, wat d’Wëssenschaftler als Evolutioun, also d’Weiderentweckelen vum Liëwen, vun engem intelligenten Liëwen gesteiert gett. Also quasi Gott duërch d’hënnecht Dier.

Nodeems den George W. Bush, deem séng gréissten Finanzéirer (no den Uëlegfirmen) iwwregens sou chrëschtlech Extremisten Fundamentalisten Gleeweger sin, bekannt gin huët, datt am Kansas d’Schoulen sollten allen Theorien oppen sin (u sëch jo gudd), misst do lo och eben den I.D. niëwent der Evolutioun geléiert gin. Wéi kommen déi nëmmen drop, datt I.D. mat der Evolutioun gläich zë stellen wiër? Dat eent ass just eng religiéis Theorie, während dat aanert eng mat Beweisen beluëgten Wësseschaft ass! Si erkennen di Beweiser natierlech net un, mä së fannen natierlech och keng fir hir eegen Theorie.

Ufänglech als Parodie geduëcht, huët sëch lo eng "alternativ" Religioun zum I.D. entweckelt: d’Unhänger vum fléienden Spaghettimonster. Wann een wëll d’Evolutioun ignoréiren, kann een dat genau sou gudd och op eng lëschteg Art a Weis maachen. Dësen Artikel vun BoingBoing illustréiert ganz gudd, wéi lächerlech di ganz Diskussioun gin ass. Ë Kreationist behaapt, datt ët nach kengem gelonge wir, d’Evolutioun zë beweisen an si sollten dach ë Präiss
fir ë Beweis ausschreiwen. Dat hu së dunn och gemaat, awer net grad sou, wi sëch den Froësteller dat geduëcht hat.

Wann een dat ganzt weider spënnt, kann ee quasi fir all Beräich vun de Wëssenschaften eng religiéis motivéiert Erklärung fannen, sou wi dat och di Satirezäitschrëft TheOnion mat engem Artikel iwwert “Intelligent Falling” gemaat huët. Gravitatioun wir eigentlech och just sou eng sekulär Ideologie an iwwerhaapt net wouër.

3 Responses to “beweist dat!”

  1. Raffael Mancini Says:

    Vu dat ech hei keng email adress fun dir fonnt hun, hun ech geduecht dat ech dech och iwwert desen kommentar erreechen keint. Also amfong wollt ech dech nemmen op main blog opmierksam maachen. http://www.doofblog.tk
    PS: ech hun e link op dai blog gemat

  2. pa Says:

    Majo, villmols Merci, ech machen dann och ë Link op deng Säit. Ech kinnt iwwerhaapt mol den Blogroll ausprobéiren.

  3. Raf Says:

    ok, merci

Leave a Reply