the next big thing
Sunday, September 25th, 2005Wéi ech lo grad gesinn hun, gouf ët bei Google Earth ën Update vum Kaartematerial vu Lëtzebuerg. Di komplett Haapstaad an nach weider Regiounen vum Land si lo verfügbar, deel weis sin Plaazen an der Staad ower op ë mi aalen Zäitpunkt zréck gesaat gin. Gemiërkt hun ech dat dorun, datt d’Chantecher vun der Bouneweger Schwämm a vun den Zwillingstiërm um Kierchbierg nach net existéiert hun. Duerfir kann een ower lo bis Mamer eng détailléiert Vue kucken an de Schnatt, deen den Boulevard Royal verschléckt an d’Nei Bréck gespléckt hat, ass verschwonn.
Wat mech deelweis impressionéiert, ass, datt Google sëch souguër beméit, och vun mi klengen Stiëd a Regiounen d’Kaartematerial z’erweideren an an der Reih zë haalen. Ët misst ee jo mengen, datt së gingen als éischt versichen souvill Stiëd wi méiglech zesummen zë kréien an da mol de Rescht (mi ländlech Regiounen) gingen zesumme kraatzen. Och, wann ech den momentanen Medienhype ronderem Google liicht iwwerdriwwe fannen, ass ët eng Firma, di engem sympathesch fir kënnt an och bestänneg dodrun interesséiert ass, net nëmmen Neies op de Maart zë geheien, mä sëch och dodrëms zë këmmeren.
