september that never ends

Di Phrase hun ech aus dem Usenet, mä ët kinnt een së genau sou gudd op dat sougenanntent "Real Life" uwennen.

September, datt ass dach di Phase, wou sëch d’Joër net richteg kann décidéiren. Soll ët nach waarm sin, wi am Summer, oder schon ufänken d’Leit z’erkaalen, wi am Hiërscht? Di Schizophrenie, tëschent dem "été indien" an dem El Ninõ ze wiëlen. D’Foljen vun der globaler Erwärmung si jo mëttlerweil nemmi z’ignoréiren, mä gouf net och schon firun 50 Joër gesoot, datt d’Summeren nemmi dat sinn, wat së mol waren? Datt d’Wanteren nemmi su kaal sin "wi fréier"? Fréier wor jo souwisou alles besser, den "eternal sunshine of the spotless mind" deen een an Nostalgie a Sentimentalitéit versénke léisst, am beschten op der Autobunn mat 150 Stonnekilometer.

De Mëtten sin ech baal vun engem Blaad erschloë gin, dat einfach sou ouni Firwarnung lëschteg sëch vum Baam geléist huët a monter ronderem mech erof gesegelt koum fir sëch schlussendlech an enger enttäuschend banaler Bewegung an ë klengen, knaschtegen Pull zë geheien. Huët dat Blaad dat verdéngt? De ganze Summer houng ët um Baam, huët sëch un der Sonn ergötzt, fir dann um Enn sëch brong ze fiërwen an um Buëdem nemmi niëwt der Muppewurscht eraus ze stiëchen. Fréier wor alles besser[tm]. Am beschten rem vu firun ufänken, alles nach eng Kéier erliëwen, eng Zort Zäitbiëwen (okay, ass geklaut) an trotzdem alles rem genausou maachen, wi ët schon eng Kéier geschidd ass, wéll dat wor jo gudd sou, oder? Wann ët dann awer net sou flott war, firwat wor ët dann trotzdem besser? Zoukënfteg gett alles besser!

Leave a Reply