the seat with the clearest view

Ech kinnt heiansdo stonnelaang op Landkaarten oder Satellitefotoë kucken. Ech weess net wou di Faszinatioun vun Biller aus der Vulleperspektiv hir kënnt, mä iergend wéi erwécht dat mäin "sense of wonder", eppes, wat ech fannen, soll jhiddfer Mënsch hun. Eppes Neies entdecken oder eppes Bekanntenes mol aus engem aaneren Bléckwénkel gesinn: dat ass ët, wat d’Liëwen dach iwwerhaapt interessant mëcht! Natiërlech, zevill Changementer kënnen een séier iwwert Bord geheien, mä su heiansdo eppes erblécksen, wat net sou alldéeglech ass oder een erstaune léisst, huët dach och eppes fir sëch.

Do ass sou ë Kaartematerial genau dat richtegt. U sëch ass ët jo ëmmer nëmmen dat Nämlecht: Strossen, Häiserbléck, Felder, Bëscher, Hiwwelen, mol eng Bréck iwwert ë Floss; alles wor schon eng Kéier do. Antrotzdem ass ët aanescht. Ët ass, wi dat alles a Kontext mateneen steet, wéi dat alles sou op enger Kaart getesselt ass.

Lo wéini hat ech rem mat Google Earth mol su eng Entdeckungsreess gemaat, sinn mat der Maus iwwert d’Florida Keys geflunn. Do hun ech eng Reih vun Siedlungen entdeckt, déi sëch laanscht di laang Autobunn, di vun Insel zu Insel geet, erstrecken. Fir di Onkënneg: do fënnt een während Honnerten vun Kilometeren ganz schmuël, mä laang Inselen. Dat alles ähnelt ë bessen wi den ozeaneschen Inselstaaten am nordöstlech vun Australien. Wi gesot, dat woren Wunnsiedlungen, soss näischt, mä tëschent den Häiser woren anstatt Strossen, Miëresärm. Am Kloërtext, firum Haus kënnt een mam Auto ugefuër an hannenaus kann een mam Motorboot fort op d’Miër fuëren. Dat muss dach ën interessante Liëwensstyle sinn, wann een alldéeglech am Kontakt mam Miër ass. Wuël souguër méi flott wi einfach un der Küst zë wunnen, mä fir si einfach "normal".

Leave a Reply