dreamer

Ech hu lo grad de wahrscheinlech läschten Deel vun strohfeuer.de geliës, eng Reih vun Gaaschtartikelen op Industrial Technology & Witchcraft. Di ganz Geschicht beschreiwt d’"Aventuren" vun ë puër Kollegen während der sougenannten "New Economy". Ass wirklech liësenswärt an opwuël ët just knapps véier Joër hir ass, kann een ët schon als zäit-historescht Dokument opfaassen.

Während dem Joër 1999 haat sëch domols jo dee ganze Sektor vun "Start-Ups", also Firmen, di um Internet a fir den Internet täteg waren, ëmmer méi an eng Zort "Aktien-Orgie" era gesteigert. Firmen goufen moies gegrënnt, goungen mëttes un d’Bourse, an haaten owes schon Millioune verdéngt, ouni jemols ë Produit geliwwert zë hun, jo souguër ouni iergend ee Geschäftsmodell gehaat zë hun. D’Leit hun hirt Geld einfach an all Firma gestach, di grad nei op d’Bourse komm ass an ën ".com" am Numm hat, duerfir och den Numm DotCom. Eng regelrecht Hysterie huët sëch während der fin de millénaire opgebaut an nodeems sëch d’Grënner vun de Firmen hir Payen ausbezuëlt hun, gouf d’Firma direkt rem an d’Faillite gedriwwen a färdeg war ët! Dunn am Fréijor 2000 huët sëch ower mi ë luësen Rhythmus oofgezeechent, d’Internet-Bloos wor um platzen. Nodeems 2001 spéitestens nom 11. September awer och dee läschten DotCom-Enthusiast ernichtert war, sot jiddereen, datt dat alles jo hätt misste kommen. Kloër; härno ass een ëmmer mi schlau.

Ech gesinn awer momentan gewëss Parallelen zu domols. Ët brauch een alleng nëmmen d’Norichten iwwert Google zë liësen, därer een baal all Dag net nëmmen op de News-siten, mä och an de Printmedien ka gesinn. Oder di momentan Iwwernahmen vun Bloggingdéngschter duërch grouss, etabléiert, multinational Mediekonzerner (wann dat alt net no hanne lass wärt goën). Ët schéngt mer baal, wi wann sëch eng 2. Internet-Bloos ging oofzeechnen, ouni lo aus der éischter eppes geléiert zë hun. Ausser vläit, datt een net soll all Trend nolaafen, höchstens wann di aaner dat och maachen, gell?

4 Responses to “dreamer”

  1. Thierry Says:

    Déi zweet Internetbloos vun därs de hei schwätz nennt sech Web 2.0, besteet ennert aanert aus sou Saachen wéis de hei ugeschwat hues, wéi AJAX, Blogs etc.
    Weider Informatiounen zu desem Phänomen fennst der ennert:
    http://www.web2con.com/
    Web 2.0 gett iwwregens vun O’Reilly organiséiert, déi jo bei wäitem keng Onbekannt sin.
    Deng Kritik kann ech novollzéien, allerdengs gett et ee riesegen Ennerscheed zu 2000/01: des Kéier sin lauter Firmen do déi een gudd duerchduerchten Geschäftskonzept hun. Et geet net méi einfach nemmen méi eleng drem fir sou séier wéi méiglech op d’Bourse ze goen, Milliounen ze scheffelen an d’Firma an de Sand ze setzen. Elo geet et drem Milliounen ze maachen an d’Firma um Liewen ze haalen. An och wann ech genausou wéis du absolut sch…iel fannen, dass AOL lo eng Weblogplattformen keeft, sou gleewen ech net dass dat zum Platzen vum Web 2.0 féiert. Allenfalls - a wahrscheinlech souguer - zum Platzen vun der Blogging-Bloos. Mee och déi wärten genau wéi den Internet 2000 d’Kriis iwwerstoen, an erem opdauchen.

  2. pa Says:

    Do gin ech der Recht, datt së hautzudags nemmi sou naïv sin, wi firun 5 Joër. Hei geet ët wirklech ëm Riisenkonzerner, Tonne vun Marketingstrategen di fir Milliounen Étude kaafen a wëllen op den neien “neie” Medien (Blogs, RSS-Feeds vun Norichtesäite asw.) an Zoukonft eng grouss Roll spillen. Menger Meenung no, hu së domat de ganze System awer net verstaanen. Ë Blog gett vun engem oder ë puër Individuen geféiert (ausser lo di verschidden méi kommerziell ausgericht Mediesäiten) an représentéiert dann natierlech och deenen hir Meenung. Dat ass mat sou muncher Firmepolitk net kompatibel, do gett meeschtens ëmmer op Nummer sëcher gespillt, political correctness a sou.

    Dat ass just ee Beispill. Wann dann di 2. Bloos platzt, kréien dat di “Kleng” net direkt sou mat wi bei der éischter, mä ënnert den grousse Konzerner wärt dann eng kräfteg Botz statt fannen, vun där sëch der verschiddener net wärten erhuële kënnen.

  3. Fireball Says:

    siehe och: rebellen.blogger.de
    den auteur vun dem blog ass den auteur von dotcomtod, eng sait mat meldungen iwert “new economy” an schreiwt vill iwer sou saachen deis du ungeschaat hues.

  4. Fireball Says:

    sorry, d’adress ass:
    rebellmarkt.blogger.de/

Leave a Reply