wer die wahl hat, hat die qual
Si grad vum Wiëlen (Staad) zreck: dat ass all Kéiers de nämlechte Misère. Bei mengem Wahlbüro ("C-En") steet eng Schlaang vun enger Dozen Leit an do sin der, di 5 Minutte brauchen fir hir Kräizecher ze maachen. An deenen 4 Büroën niëwendrun (ët geet bis K) ass kee Mënsch a wa mol ee kënnt: jups eran a jups eraus. Ass baal wi am Supermarché un de Keessen, do erwëschen ech och ëmmer déi, wou een am längsten steet. Wi ech grad a menger Kabin wor (dat si su Duëbelkabinnen), huët deen di aaner Säit kräfteg mam Bläistëft iwwert dat ganzt Blaad gestrach, wéll d’Kabinn huët gewackelt wi bei engem Ärdbiëwen. A firwat ass d’Längt vun de Bliëder ëmmer mi grouss wi d’Bréed vun der Kabin? Ët kann een ët ni ordentlech dohin léeën.
Gespaant sin ech awer op d’Resultat haut de Mëtten. Onofhängeg vun deem, wat ech gewiëlt hun (soën ech hei net, si jo Geheimwahlen), ging ech mengen, datt di beschte Chancen de Spëtzekandidat (Mosar) vun der CSV hätt. D’DP hätt mam momentanen Buërgermeeschter och nach eng Chance gehaat, wann së d’Polfer eraus gelooss hätten. Ech hu bis ëlo nach vun kenger Persoun héiren, datt së fir hatt wir. Ass jo kee Wonner, hatt ass fir op Stroossbuërg gewiëlt gin an da kënnt ët trotzdem nach an d’Staad, wou ët mengt, ët kinnt dat niëwebäi maachen. Dobäi wëll kee Mënsch hatt! En plus wärt ët dem Helminger séng Buërgermeeschterplaaz kaschten. Vläit kënnt nach een vun der LSAP oder de Gréngen no un de Posten erun, mä su richteg "Spëtzekandidaten" gesin ech do keng. Mol kucke, wat kënnt…
Update: Sou wéi ët ausgesäit, hat ech just deelweis recht. Datt awer d’Polfer mol net dat Zweet gin, weist, fannen ech, datt wuël méi Leit meng Meenung deelen an dementspriëchend gewiëlt hun. Iwwerascht sin ech awer vun den Gréngen, datt di sou gudd oofgeschnidden hun. Am grousse Ganzen sin ech perséinlech zefridde mam Resultat. Ët hätt kinnte schlëmmer gin, wann z. Bsp. Multikulti d’Majoritéit kruut hätt ;)