city of cranes

Datt ët an der Stad vill Schantecher gin, ass jo gewosst, mä momentan ass dat awer schon extrem. Wann een op der Bouneweger Rocade steet, da gesäit een tatsächlech 17 Kranen iwwert d’Rocade, d’Uëwerstad an de Kirchbierg verdeelt. Bei sou engem schéine Wiëder wi haut erginn giël Staangen op engem bloën Hannergrond nawell ën interessante Kontrast. Ët gett ëmmer weider gebaut, besonnesch an der Entrée op de Kirchbierg bei der Rouder Bréck. Niëwent d’"Héichhaus" an d’Zwillingstiërm solle lo nach zwee Tiërm bei dat neit Gebei vum europäeschen Geriichtshaff kommen. Gudd, datt së dat aalt Gerüst, dat së stoë gelooss haten fir ronderem ze bauen (do hat wuël ën Architekt sentimental Gefiller), endlech ofgerappt hun. Lëtzebuerg kinnt, fannen ech, nach roueg weider sou megalomanesch Bauten gebrauchen. Wéi wärt dat ganzt wuël an engem Joër ausgesinn?

2 Responses to “city of cranes”

  1. Raf Says:

    Fillaicht kreie mer dann jo och eisen 11 september

  2. Fireball Says:

    Ja, betoneiert alles zou! ;-)

Leave a Reply