going south

Den Owend um genau 20:09 Auer hun ech di éischt Horgäns (wi schreiwt een dat?) gesinn iwwert Bouneweg fléien. Ët wor grad roueg an ech sin ënnert engem Baam gangen, wou d’Stroosseluuten mech net geblend hun an dunn hun ech së héieren. Ë Geschnatters sonnergläichen. An wi ech dunn erop an den donklen, wollekefräien Himmel gekuckt hun, gesouch ech ë wäisse Bandchen, deen sëch an engem Hallefoval ënnert de puër siichtbaaren Stären a Richtung Süden gezunn huët, di ganz Szenerie just vum hellen Vollmound beliicht. Immens. Eng verpasste Chance fir d’Mënschheet, fannen ech. Firwat hu mir eis an der Evolutioun net och di jährlech Migratioun an de Süden ugeléiert? Wéi ging eis Zivilisatioun da wuël ausgesinn? Am Summer op Mallorca fléien, gëllt net.

One Response to “going south”

  1. Raffael Mancini Says:

    Hmm, intressant Iddee, doriwwer kann ee bestemmt stonnelaang phantaseieren.

Leave a Reply