Malk! Lo och mat Vitamin R!
An hei ass dat (vun den Zougrëff hir) zweetbeléiwtestent Bild op dësem Server:

Natierlech och rem ënnert enger neier URL. Dës Kéier sin ech gespaant, wéi laang deen argentineschen Simpsons-Forum brauche wärt, fir di nei Adress z’entdecken.
November 20th, 2005 at 20:55
Kanns du mer mol erklaeren firwwat dei Biller fun dengem server sou beleiwt sin?
November 20th, 2005 at 22:18
Sëcher, wéll së schon zënter enger Éiwegkeet hei drop stinn an duerfir duërch Google Images an sou bekannt sin. Wann ech nämlech dono sichen, fannen ech ëmmer nemmen meng Versiounen dovun op aanere Säit rem. Ech sélwer hat së mer aus verschidden Screenshoten eraus geschnidden, di ët lo wuël ower nemmi gin.
November 20th, 2005 at 22:34
Wier et do net besser, en anti-hotlinking-Skript ze installeieren? Heinsdo gesait en esou Saachen an daat schengt jo och ze funktioneieren. Waat och ganz cool ass, d’Bild mat engem grellrosa bild am format 1*5000 Pixel ze ersetzten.
November 21st, 2005 at 8:47
Ech loossen së léiwer stoën an ersetzen së klammheimlech duërch iergend eppes onopfälleg Aaneschteres, dat trotzdem peinlech ass. Am beschten eppes personaliséiertes, mä ech hun di Persoun an deem Forum do nach net fonnt. Dat läit vläit och dorun, datt ech nach net gesicht hun.
November 21st, 2005 at 16:20
Ech fannen daat leif dat déi emmer rem no dengen fotoen sichen. Et get jo lo warscheinlech net mega vill traffic doduerch verursacht. Do gesin ech amfong net direkt an firwaat lo en script sollt installeiert gin.