wi null ass dann dat?

Op Nofro (!) krut ech vu mengem Webspaceprovider matgedeelt, datt së den Port 80 vum Webserver no baussen gespaart hun. Angeblech aus Sëcherheetsgrënn: ët kinnt jo een meng PHP-Skripter "hacken" an dann domat aaner Säiten attackéiren.

De Witz ass awer, datt lo eng ganz Reih vu menge Skripter guër net mi fonktionéiren, wi z. Bsp. deen, deen iwwerpréiwt huët, datt eng Säit och existéiert, éier së an d’Lëscht vun den Zoufallslinken um Haaptsite gesat gett. Dee gréissten Blödsinn ass natierlech, datt kee Blog mi ordentlech fonktionéiert; opmannst den Trackback- a Pingbacksystem. Ech ka lo just nach gesinn, wann een aaneren ën Artikel vun desem Blog mëttels Trackback referenzéiert, mä sélwer kann ech der keng mi raus schécken: kee Mënsch mat engem Blog gett also gewuër, wann ech säin Artikel hei erwähnen. De ganze Sënn vun der vernetzter Blogosphere geet soumat jo flöten.

5 Responses to “wi null ass dann dat?”

  1. Thierry Says:

    Lo kéinnt ech dech natirlech froen firwat e Mensch bei Luxhosting - eng letzebuergesch Firma, dat seet schon alles - geet?
    Di gin jo guer net eenz… ausgerechent de Port 80 zoumaachen just well si ze domm sin anescht fir Sécherheet ze suergen…

  2. pa Says:

    Ech sin do schon eng länger Zäitchen a wor bis ëlo eigentlech gréisstendeels zefridden, mä verschidde Saachen nerven mech lo trotzdem schon an ech mengen, datt ech awer iergendwann wärt wiësselen. Well dat mam Port 80 do ass jo schon relativ lächerlech.

  3. Fireball Says:

    Öh, dei vernetzten Blogosphär funktioneiert dach och ouni Trackback, oder ieren ech mech do? Wiesou muss ech wessen, ween op waat fir en Artikel linkt? Vill mei wichteg ass et menger Meenung, daat d’Leit weinst denen Linken op meng Sait kommen an evtl. main Blog liesen.

  4. benem Says:

    Hm..sin och bei Luxhosting, an war amfong bis lo och emmer zefridden mam Lex an senger Equipe…Komesch, dass se sou eps machen.

  5. pa Says:

    Ech muss ower och op dëser Plaaz vermiërken, datt de Port mëttlerweil rem fräigeschalt ass an de Blog rem fonktionéiert. Së haaten wuël selwer net dodruns geduëcht.

Leave a Reply