Archive for January, 2006

generation y

Thursday, January 19th, 2006

Hei ass nach ë Gedanken zum Kichelchers Monster. Hien schreiwt iwwert den Télécran, deen an engem Artikel zu der sensationeller Erkenntnis komm ass, datt d’Jugend sëch anscheinend gär um Internet rem dreiwt. Dobäi duëcht ech, datt den Internet mëttlerweil zum Alldag gehéiert a näischt mi spezielles fir "Hacker" a "Freaks" ass, wi d’Press dat gären duër stellt. Keen staunt méi, wann eng 80-jähreg Fra am Altersheim eng Websäit kucke geet oder wann ë Chomeur an den Internetcafé seng Emailen no enger positiver Äntwert ob eng Kandidatur sicht.

Ech selwer ziële mech net zu deenen, di wirklech vun Ufank un dobäi woren, mä meng éischt Emailsadress hat ech 1997 opgemaat an domols hun ech der nach net vill kannt, di och schon eng haaten. Mäin éischten Modem hun ech mer ower éischt 1999 kaaf; firdrun sin ech ëmmer an den Internetcafé gaangen. Dat wor domols d’CD-ROM-Land, op der Gare an an der Staad. D’Geschäft gouf dunn spéider nach eng Kéier an CD-ROM-World ëmbenannt, wann ech mech richteg erënneren a kuërz drop zougemaat. Dat wor scho baal iergendwéi eng familiär Atmosphère, wann een do tëschent enger Dozen Leit souss an d’Emailen op 3,5"-Disketten gespäichert oder eng am Viraus préparéiert Lëscht mat Websäiten ofgeklappert huët. An dat alles zum horrenden Präiss vun honnert Frang d’Stonn. Dat hun ech mer natierlech net all Woch geleescht. Ët wor eng einfach, relax Situatioun; ët haat een d’Gefill, datt een scho bal ën Deel vun enger klenger Communautéit wor, nämlech déi vun deenen, di den Internet benotzt hun. Dat wor laang firum groussen Boom vun 1999 an dem Platzen vun der Internet-Blooss am Joër 2000. Mä ët wor och schon d’Enn vun enger Mentalitéit, di héichstens mat där vun den heemleschen Akustikkopplerbenotzer aus den 80′er Joren vergläichbar ass. Ët wor een alt ë bessen nach ënnert sëch, mä ët huët ee gemiërkt, datt d’Wirtschaft do eng nei Welt entdeckt huët an déi natierlech och notze wollt. Ët wosst een, datt ët net bei där roueger a quasi familiärer Atmosphère ging bleiwen.

Ë besonnescht gudd Beispill ass do de sougenanntenen "September, that never ends" (tatsächlech huët ën d’läscht Joër trotzdem opgehaalen). Riëds geet vum September 1994 wou AOL ën Accès op d’Newsgruppen vum Usenet ugebuëden huët. Sou Newsgruppen kann een sëch quasi wi ë Forum firstellen: fir all Thema gett ët eng Newsgrupp, wou een kann Diskussiounen starten oder ob aanerer äntweren. An dat mecht een net mat engem Browser, mä mat engem Newsreader; ët kann een sëch dat ganzt eigentlech wi eng Emailsdiskussioun firstellen, di fënnt jo och net op enger Websäit statt. U sëch wor d’Unzuël vu Leit um Usenet beschränkt, meeschtens Studenten a Wëssenschaftler op Unien a Leit aus der IT-Branche, mä AOL huët dunn eng hellewull Onwëssender op di aarm lass gelooss, di guër keng Ahnung haaten, wéi së sëch sollten behuëlen an nëmmen Blödsinn geschriwwen hun. Vun dem Schock huët sëch den Usenet ni erholl, duerfir héiert een och bal kaum eppes méi dovun. An trotzdem gett ën all Dag nach vun honnert-dausenden benotzt. Besonnesch nodeems Google den Archiv bun Déjà-News iwwerholl huët, di während Joren d’Artikelen an den Newsgruppen archivéiert haaten. Mä wat AOL net geschafft huët, wärt lo Google ronn kréien: si bidden nämlech hir eegen Gruppen un an dat parallel zu den Newsgruppen, an ëmmer méi Leit mengen, datt d’Newsgruppen eigentlech Google gingen gehéiren. U sëch hällt den September nach ëmmer weider un, ë verlagert sëch just an nei Beräicher eran.

Iwwert wat ech awer nawell wirklech gespaant sin, ass, wéi sëch dat mat den Blogen sou entweckelen wärt. D’Grondiddi ass jo u sëch wirklech näischt Neies, just de Kontext an d’Applikatioun hu sëch geännert. Ech denken, datt mer do nach laang net alles erliëwt hun, wat an där schéiner, neier Welt alles méiglech ass. Flott ass awer, wann ech den Ufank vum "öffentlechen WWW" vläit verpasst hun, kann ech elo aktiv beim Ufank vun engem weideren Meilesteen an der Entwécklung vum Internet a soumat der weltwäiter Kommunikatioun dobäi sin. Ongeféier all 10 Joër fënnt sou eppes nämlech statt, mëttlerweil wengst der mi grousser Zielgrupp, di gläichzäiteg mat hëlleft, och schon mi oft. Den "Internet" selwer gouf 1969 erfonnt an als éischt Applikatioun, di sëch bis haut konnt haalen, koum 1970 d’Email dobäi. Den Usenet gouf 1979/1980 agefouert, den WWW 1991. Dunn wor de File-sharing Enn den 90′er "the next big thing", vun 2001 un d’Blogosphère. Mam Podcasting ass 2004 den multimedialen Equivalent zum Blog dobäi komm, mä erschengt mer ower genau wi d’Blogen net richteg an di Kategorie dran ze gehéiren, well ët just op deenen aaneren opbaut. Eppes komplett Neies kinnt een sëch menger Theorie no also durchaus fir 2007/2008 erwaarden, obschons ech mer nach net ka firstellen, wat dat kinnt sin. Mä sou ass dat eben; kinnt ech ët, dann hätt ech ët jo erfonnt an ët wär do! Meng Spekulatioun geet ower a Richtung sozial Netzer, gemëscht mat kënschtlecher Pseudo-intelligenz. Also eppes, wat duerchaus ën Eegeliëwen ka féiren, ouni datt ët wirklech intelligent ass. Ët wirkt just sou, well vill kleng Unitéiten, di vu Mënschen gesteiert gin, eng riiseg Komplexitéit verursaachen. Bei de Blogen kann een schon sou eppes erkennen, wou Firmen versichen de virale Marketing ze benotzen an ët heiansdo hannertzech lass geet, well ët onméiglech ass, eng Virausso op ë chaoteschen System duerch eng ganz Rei vun Iteratiounen duerch ze treffen. Dat ass och gudd sou, well soss bräicht de Mënsch jo kee Firwëtz méi. An dat ass ët jo, wat schlussendlech bal jiddereen vun eis undreiwt.

trans-neptun

Wednesday, January 18th, 2006

domino day

Saturday, January 7th, 2006