domino day

D’"European Tribune" huët ën interessanten Artikel iwwert di läscht Evenementer an Zentral- a Südamerika. An den läschte Joëren huët den lénksen Block do mächteg zougeholl, ugefaang vum Chavez am Venezuela, an Argentinien, Uruguay an lo och Bolivien, wou entweder Leit aus dem Vollek oder der, di sëch fir mi ë sozialt Südamerika asetze wëllen un d’Muëcht komm sin.

Op së kënnen haalen, wat së verspriëchen, wärt sëch an Zoukonft weisen an och ob US-Amerika dat wärt zouloossen; di momentan extrem riëts Bush-Regierung am Wäissen Haus ka jo keen Interesse hun, un engem Latäinamerika, dat sëch ënnerteneen verbënnt. Wéi soll do d’US-Firmen dann de Maart ënnert sëch kënnen opdeelen? An dobäi si genau si selwer dodruns Schold! Gingen si net su onverblimmt offen fir hir egozentresch-kapitalistesch Zieler d’Autoritéiten vun friëmen Länner ënnergruëwen, boykottéiren a souguër gezielt putschen, wär hiren Negativ-Image op der ganzer Welt net sou schlëmm. Well grad dat ass ët, wat all di Länner "do ënnen" verbënnt: hire gemeinsame Wëllen, net den US vun A op engem sëlweren Teller zervéiert zë gin. Dee nächste Steen wärt deemno eventuell direkt firun hirer Hausdier faalen, wann d’Zapatisten am Mexiko weiderhin sou vill Ënnerstëtzung fannen. U sëch lachhaft, datt ausgerechnet d’USA, di permanent vun Demokratie schwätzen, lo d’Demokratiséirung vum "Rescht vum Kontinent" färten.

2 Responses to “domino day”

  1. Thierry Says:

    Hm intressant. Ech gin zou ech war guer net um Laafenden wat do an Südamerika leeft. An ech sin éierlech, bis elo huet mech deen Deel vun der Welt och net extra intresséiert, mee schéngt mer awer wéi wann ech mech mol bessen misst informéiren wat do leeft. :)

  2. Fireball Says:

    Op telepolis.de ged et och emmer erem Artikelen, notamment iwert d’Zappatisten an elo eben och iwert Bolivien.
    El puelbo unido jamas sera vencido!

Leave a Reply