humor ist, wenn man trotzdem lacht
Voilà, hei ass d’Bild! Kréien ech lo och Morddrohungen?
Muss ech ëlo all Kéier färten, wann ech mäin Auto starten? Perséinlech sin ech der Meenung, datt di Karikatur vum Prophéit Mohammed mat enger Bomm am Turban lo net grad vun extremer Originalitéit ass; ‘t ass wuël éischter de Niveau vun den relativ schlechten Zeechnungen am d’Wort. D’d'Wort (dämleche Numm) ass eben just méi "politesch korrekt" an gett net an der arabescher Welt geliës. Wat këmmeren déi sëch dann drem, wat enger dänescher Zeitung steet? Ech weess, datt ët am Islam verbuëden ass, de Mohammed bildlech duër ze stellen, mä dorems geet ët jo anscheinend guër net. Wann lo di westlech Welt sëch ging opreegen, wann iergendwou op der arabescher Hallefinsel ën amerikaneschen Fändel ging verbrannt gin! Oh Moment… An dat bescht si jo nach d’Reaktiounen zwecks Boykott vun Lego, kinder Schokolade a sou weider. Einfach lächerlech. Dat ganzt ass just nach eng Meta-Meta-Diskussioun: Si soën, mir wären géint si, fir datt mir soën, datt si géint eis wieren, fir datt si soën kinnten, datt mir géint si wieren, asw… An duerfir gett natierlech all Detail benotzt, dat së fannen kënnen. Wien liësst dann do ënnen schon eng dänesch Zeitung? De gréissten Problem ass natierlech, ech bekenne mech lo och schëlleg, datt nach ëmmer vun "hinnen" an "eis" geschwaat gett. Duërch sou Ooftrennungen ass eng Ko-Existenz scho bal vun firaus ausgeschloss. Kleng Stëppeleien reizen do natierlech staark, fir opgebauscht ze gin.
Iergendwéi ginn ët op der Welt ëmmer Beruffsbetraffener. Deenen hirt eenzegt Liëwensziel ass ët, all Klengegkeet perséinlech op zë huëlen an dann déck an eraus ze jäizen, wat de Medien natierlech recht kënnt. Wann ech misst opschreiwen, wat heiansdo d’Leit am Alldag mer op d’Nerve ginn, hätt ech schon ën déckt Buch zesummen. An ech huëlen un, dat geet mir net alleng sou. Mä nee, ech haalen fein de Baak, well ech weess, datt ët iergendwou een gett, deem ech och déck op de Nerv ginn, een, dee meng "Schnëss" net kann ausstoën, asw…
Duërch ë besse méi Toleranz kinnt souë Regiounen (awer och bei eis) vill gehollef gin. All di kleng Kompromësser, di een sou am Dag muss agoën, fir datt d’Liëwen an enger Gesellschaft iwwrehaapt erdräglech gett, si net vu Muttwëll. An dat ass ët, wat d’Fundamentalisten net verstinn, egal ob, islamesch oder soss wou. An natierlech den Humor. D’Liëwen ass scho vill mi einfach, wann een ët net sou sériö hëllt. Dat ass natierlech lo och einfach ze soën, wann een net ënnert der Armutsgrenz liëwt, mä och vill "déck Pänz" gesinn verschidden Saachen vill zë enk. Mä wann een vun klengem un mat engem Gewiër an der Hand erzillt gett, laacht een wahrscheinlech iwwert aaner Saachen wi onsereen.
February 2nd, 2006 at 20:49
Mat bessen Toleranz an klengen Kompromisser wier et awer an desem Fall leider net gemaach. De Probleem läit zimlech déif an betrefft Politik souwéi Relioun. Mir sin och net déi fir dem Islam Firwerf ze maachen dass en extremistesch ass, ausser dem Buddhismus war dat nach all Relioun am Laaf vun hierer Geschicht, d’Chreschten hun do och bluddeg an brutal Beispiller gesat.
Sécher ass: et muss eppes gemaach gin. D’Fro ass: wien fänkt un an wou fänkt deejenegen un?
February 3rd, 2006 at 18:08
All Religiounen oofschaafen an amplaatz Bildung affeieren. Ech hun et scho gemat, et muss een just matman an zB keng CSV wielen, seng Kanner net deefen lossen an se net an de Religiounsuntericht schecken.
February 3rd, 2006 at 18:38
Ech gleewe kaum, datt dat d’Léisung ass. D’Mënschen gingen dann eben eppes aaneschteres fir zë streide fannen. ‘t ass d’Astellung, di muss änneren.