bang bang, my baby shot me down
De Vizepresident huët misste schéissen, ët wir soss eng Noricht un d’Wachtel gewiërscht, datt Amerika schwaach wir an d’Villecher hätten da gewonn! D’Daily Show ass ëmmer rem gudd. Fir déi, di së nach net kennen, solle mol Samschdes owes CNN kucken. Së ass, am Moment, eng vun deenen béschten politeschen Satiren, di ët gett.
February 19th, 2006 at 18:04
Jo, den Jon Stewart ass einfach genial. Ech freen mech op d’Academy Awards. :-)
An déi Aktioun do vum Cheney war awer och wierklech einfach ze domm. :-) Obwuel deen aarme Kärel engem scho ka leed doen dass en ugeschoss gouf. :-)
February 19th, 2006 at 19:46
Anscheinend soll ën jo Alkohol am Bludd gehaat hun. Duerfir sprëcht och, datt së éischt Sonndes domat komm sin, obschons d’Akzident scho Freides geschidd ass.
March 13th, 2006 at 21:54
Hey, nach een deen den Jon Stewart kennt!!! Respekt! Eng vun deenen intelligensten an beschten Show’en déi je op der Tele komm sinn.
An nemmen Samsdes owes um CNN geht net duer … hmmm … Bittorrent … DailyShow … isohunt.com … :)