stupid white men
Desen Artikel aus dem "New Yorker" schwätzt iwwert d’Méiglechkeet, datt di amerikanesch Bush-Administratioun am Moment grad hire nächsten Krich plangt, anzwar mam Iran. Dräi Kricher a sechs Joër, dat muss een hinne mol fir maachen! Mengen së, së kinnten domat hirt Vollek bei der Staang haalen? Dann hätt ech awer bis d’Wiëljoër 2008 gewaart. Hu së no Afghanistan an dem Irak ët nach ëmmer net geléiert? An deenen zwéi Länner ass ët lo méi schlëmm wi firdrun, mä dat ass hinnen jo wahrscheinlech egal. Hir Zieler hu së nämlech erreecht: di Länner si keng Bedrohung fir d’USA méi. Doroums goung ët nämlech di ganzen Zäit. Passt der ë Land, da gett ët mol einfach an ë Koup gehäit, wat duerno geschidd, kann der jo egal sin. D’Truppen wiren och scho laang fort, wann së net nach wéinstens ë besse gingen versichen, den Uschäin zë wuëren.
An deem Artikel steet, datt së mengen, duërch eng Bombardéirung vum Iran, ging de Mullahregime gedemütegt gin, sou datt d’Vollek sëch ging oplehnen an së entmuëchten. Ech froë mech, wéi eng Experten deen Szenario ausgeklügelt hun? Fir esou eng vollkommen illusoresch Virstellung als Grond fir ë Krich ze huëlen, grenzt un ë Verbriëchen géint d’Mënschheet!
Am Moment hunn d’Mullahen nämlech kee sou ë groussen Deel vun der Populatioun hannert sëch, wi dat a verschiddenen Medien ëmmer behaapt gett. Besonnesch ënnert de Jonken herrscht eng zimlech Onzefriddenheet iwwert verschidden Gesetzer (Schleierzwang an aaner Restriktiounen…), déi luës a luës ëmmer mi grouss gett an iergendwann souwisou wuël nemmi zë bewältege wir. Mä duërch eng Invasioun vun den Amerikaner gingen déi Leit jo dem Regime quasi d’Diiren alaafen, wéll wou willten së soss jo och hin? Mëch wonnert just, datt d’Amerikaner hirer Regierung nach ëmmer sou vill Fräiraum loossen, no all deene Skandaler an de läschten Joren. Aanerer wollten së schon wéngst kléngeren Saachen eraus geheien. Goudrong a Fiëderen sollte mol rem benotzt gin!…
April 9th, 2006 at 0:08
ech hun grad Lord of War gekuckt, du muss daat emmer aus der Perspektiv kucken vun deem dee hannendru steet a Suen verdingt, an domadden mengen ech net direkt de bush, obschon deem seng famill jo och gutt matt dranhängt….
April 9th, 2006 at 0:25
http://www.moby.com/journal/
Do fënns de en interessanten an iwwerwältegenden Text vun engem amerikanesche Showmaster. Deen hëllt zwar un, dass Venezuela dat néchst Ziel ass, mee ‘t ass eess wéi eess, net.
April 9th, 2006 at 0:47
Wann se daat maan, brecht den Bush sech definitiv d’Geneck. Dann hätt daat wéinstens eppes positives.