propaganda

Just Film Music 2006

Fir all d’Frënn vun der Filmmusek an déi, di ët wëlle gin: den 6. Mee 2006 spillt d’Bouneweger Musek zu Bouneweg am Kulturzenter ë Concert, anzwar den Just Film Music. Ën audiovisuellt Spektakel.

4 Responses to “propaganda”

  1. Thierry Says:

    Schéngen jo nawell gudd Komponisten rausgesicht ze hun. Mee wann se schon eppes vu Star Trek huelen, dann hätten se och kennen d’Orchestral Suite “The inner light” vum Jay Chattaway huelen, dat Lidd ass absolut genial (am tatsächleche Senn vum Wuert). :D
    Wann ech meng Pläng iergendwéi emgetässelt kréien wert ech dohinner goen, schéngt een flotten Owend kennen ze gin. :)

  2. pa Says:

    Oh, dat freet mech awer, datt ech ëlo tatsächlech hei erfollegräich Reklamm gemaat kruut. De Star Trek ass ë Medley aus den 7 éischte Filmer. Di Suite do kennen ech nach net, aus wéi enger Episode a Serie ass déi dann? Perséinlech gudd fannen ech d’Haaptthemen vun Deep Space Nine (do gett ët och eng Concertsversioun dovun) a vun Star Trek: Generations.

    Bei Filmmusek huët een besonnesch fir Fanfaren net ëmmer ën immens groussen Choix vun Arrangementer zu engem bestëmmtenen Film.

  3. Thierry Says:

    Et war leider näischt draus gin, ech war einfach ze midd… Schued, dee Medley wier bestemmt intressant gewiecht. :(

    Ma dat Lidd ass aus der gläichnameger Episod “The inner light” (25. Folg vun der 5. Staffel) aus TNG. An der Episod spillt den Picard dat Lidd op enger Flüt, an spéider gouf et dann eben vum Chattaway an eng orchestral Suite emgeschriwwen (dauert an där Versioun 6:36 Minuten). Falls de iTunes hues kanns de der hei hhttp://phobos.apple.com/WebObjects/MZStore.woa/wa/viewAlbum?playlistId=49266704&s=143451&i=49266608 d’Lidd ulauschteren (sin allerdengs net grad respresentativ déi 30 Sekonnen).

    D’Themen vun DS9 an de Soundtrack vun Generations sin effektiv och net schlecht. Am léiwsten hun ech vun de Filmmuséken awer nach emmer Ba’Ku Village, d’Ufangslidd vun Insurrection. De Film war zwar schlecht, mee dat Lidd ass einfach immens. :)

  4. Thierry Says:

    Do war een Buchstaaw zevill, sorry:

    http://phobos.apple.com/WebObjects/MZStore.woa/wa/viewAlbum?playlistId=49266704&s=143451&i=49266608

Leave a Reply