spam spam spam

Ech wees net, wat lass ass, mä a läschter Zäit ass d’Unzuël vun Spamkommentaren am Blog extrem geklomm. Wann een all Dag muss zwou Dozen Kommentaren aus der Moderatiounsqueue geheien, fänkt een mol schon un no Alternativen ze sichen. Als éischt hat ech un ën Captcha-Plugin fir Wordpress geduëcht, mä dun sin ech ower op ë Bayes-Filter opmierksam gin. An ech muss soën, dee fonktionéiert perfekt. Am Ufank ass nach deen een oder aaneren validen Kommentar hänke bliwwen, mä wann ën mat der Zäit an aus fréieren Spamkommentaren dobäi léiert, wat Spam ass a wat net, fonktionéiert ën nawell zimlech perfomant. Ech kann ë just empfehlen, fir déi, dir hire Liëser keen Captcha wëllen zoumudden.

Leave a Reply