alles piraten?

Enn Mee gouf di schwedesch BitTorrent-Säit “ThePirateBay” vun der schwedescher Regierung zougemaat. Eng grouss Diskussioun iwwert d’Legalitéit vun deser Aktioun ass entstaan, wéll dee Site dem schwedesche Gesetz no vollkommen legal ass. Do gett nämlech net “Copyright-verletzend” Material ugebuëden, mä just Hiweiser dorops. An aaneren Länner ass dat awer verbuëden, sou wi z. Bsp. an den USA, deenen hirer Museks- a Filmindustrie dee Site am “Ausland” ën Dar am Aa war ass. Mä dogéint kënnen së da jo eben näischt maachen, wéll all Land séng eege Gesetzer huët.

Oder kënnen së etwa dach? Russland gouf lo vun den USA erpresst, den Site Allofmp3.com zou ze maachen, soss diërften së net mat an d’WTO. U sëch schon zimleche Culot, sou eng grouss Wirtschaftssanktioun wéngst enger eenzeger kommerzieller Säit, di mol näischt direkt mat der Regierung ze dinn huët.

Lo ass eraus komm, datt baal genau di nämlecht Method am Fall PirateBay ugewand gin ass. Ech froë mech, op ët lo wirklech schon sou wäit ass, datt d’Copyright-Mafia an den USA d’Bush-Regierung souwäit an hirer Hand huët, datt së kënnen komplett Länner erpressen. Bis laang hat ech dat lo just vun der Uëleg-industrie geduëcht. Ajo, an nach Automobil, a Waffeproduktioun souwisou an… Hmm, do stiëchen der nawell zimlech vill do hannert. Da wärte mer wuël an Zoukonft nach eng Rei weider sou Aktiounen an aaneren Länner kënnen erliëwen. Op Lëtzebuerg och eng Kéier soll dru kommen? Ah neen, mir hu jo och keng PiratePartei, wi dat mëttlerweil a Schweden de Fall ass. Déi kandidéiren iwwregens och fir di dësjähreg Wahlen.

3 Responses to “alles piraten?”

  1. b352 Says:

    Wann d’MPAA an d’RIAA fusionéieren, dann nennen déi sech MAFIA (music and film industry association of america).

    Dovir fannen ech d’äntwerten vun der piratebay op drohungen an demanden vun affekoten sou zimlech de glanz :-)

  2. Thierry Says:

    D’Amerikaner hu sech mat där hirnresseger Aktioun an d’eegent Fleesch geschnidden, well d’Pirate Bay mettlerweil duebel souvill Visiteuren huet ewéi firdrun. A Schweden hun sech mettlerweil dann en puer Konzerner zesummengedoen, deenen hier Serveren bei der Aktioun mat beschlagnahmt gi waren, an déi wellen déi schwedesch Regierung viru Gericht usichen. Wat ech cool fannen bei Pirate Bay ass dass et eng Dynamik à la Skynet (cf Terminator Filmer), well si wellen een internationalt Netzwierk opbauen, sou dass et ganz egal ass, wan an engem Land d’Server beschlagnahmt gin. :-)
    Sin ech eigentlech anormal, dass ech nach ni eppes op Pirate Bay rofgelueden hun? :D

  3. Joel Says:

    A fir d’Saach perfekt ze machen, hei den neisten Coup vun RIAA.
    http://www.spiegel.de/netzwelt/netzkultur/0,1518,422640,00.html

Leave a Reply