VL <> RL ?
Tuesday, July 4th, 2006D’läscht Woch wor ech duërch ën Artikel vun boingboing.net op Second Life opmierksam gemaat gin. Dat ass eng 3D-Welt an där een kann allméiglech Saache maachen, wi Objeten erstellen, déi ee kann mat Skripten veränneren, ët kann een un Événementer Deel huëlen, ët gin Geschäfter wou ee kann akaafen, ët kann ee sélwer ë Geschäft mat sélwer produzéierte Géigestänn oder Servicer opmaachen an nach villes méi.
Als éischt duëcht ech, datt ët just ee weidert MMORPG-Spill wir, mä Second Life (SL) ass vill méi. Als éischt leeft de ganzen System net op engem Haaptserver, mä op iwwert 2.000 eenzelnen Maschinnen, wouvun jhiddferenger een Deel vun der SL-Welt représentiert. Doduërch ass ët méiglech, dat wann an Zoukonft de System public oder op Open Source ëmgestallt gett, jhiddereen säin eegenen SL-Server kann opsetzen, sou wi hautzudags ë Webserver. Desweideren kann een di virtuell Währung ("Linden-$" heescht së) a richteg US-$ ëmtauschen, sou datt di virtuell Geschäfter ë reelt Akommes kënnen duër stellen. A loosse mer net naiv sin, éischt wann de Kommerz eppes kann domat ufänken, kënnt de groussen Duërchbroch, genau sou wi beim WWW Enn de 90′er. Menger Meenung no gett dat dotent "the next big thing"; ech schätzen datt an 2-3 Joër sou ën 3D-"Web" sëch bei der grousser Mass wärt duërch gesaat hun. Ët huët een also lo d’Chance fréi op den Zuch erop ze klammen, besonnesch nodeems d’Registréirung lo gratis ass!
Iwwregens ass mer bis ëlo nach keen Lëtzebuerger opgefall. Wann een do schon eng virtuell Identitéit huët, soll ë mer Bescheed soën oder hei ë Kommentar hanner loossen. Vläit kënne mer jo eng lëtzebuergesch Grupp op d’Been setzen?
