VL <> RL ?
D’läscht Woch wor ech duërch ën Artikel vun boingboing.net op Second Life opmierksam gemaat gin. Dat ass eng 3D-Welt an där een kann allméiglech Saache maachen, wi Objeten erstellen, déi ee kann mat Skripten veränneren, ët kann een un Événementer Deel huëlen, ët gin Geschäfter wou ee kann akaafen, ët kann ee sélwer ë Geschäft mat sélwer produzéierte Géigestänn oder Servicer opmaachen an nach villes méi.
Als éischt duëcht ech, datt ët just ee weidert MMORPG-Spill wir, mä Second Life (SL) ass vill méi. Als éischt leeft de ganzen System net op engem Haaptserver, mä op iwwert 2.000 eenzelnen Maschinnen, wouvun jhiddferenger een Deel vun der SL-Welt représentiert. Doduërch ass ët méiglech, dat wann an Zoukonft de System public oder op Open Source ëmgestallt gett, jhiddereen säin eegenen SL-Server kann opsetzen, sou wi hautzudags ë Webserver. Desweideren kann een di virtuell Währung ("Linden-$" heescht së) a richteg US-$ ëmtauschen, sou datt di virtuell Geschäfter ë reelt Akommes kënnen duër stellen. A loosse mer net naiv sin, éischt wann de Kommerz eppes kann domat ufänken, kënnt de groussen Duërchbroch, genau sou wi beim WWW Enn de 90′er. Menger Meenung no gett dat dotent "the next big thing"; ech schätzen datt an 2-3 Joër sou ën 3D-"Web" sëch bei der grousser Mass wärt duërch gesaat hun. Ët huët een also lo d’Chance fréi op den Zuch erop ze klammen, besonnesch nodeems d’Registréirung lo gratis ass!
Iwwregens ass mer bis ëlo nach keen Lëtzebuerger opgefall. Wann een do schon eng virtuell Identitéit huët, soll ë mer Bescheed soën oder hei ë Kommentar hanner loossen. Vläit kënne mer jo eng lëtzebuergesch Grupp op d’Been setzen?
July 4th, 2006 at 10:36
Ech haat och virun enger Zäit eng Kéier en Artikel driwwer gelies, an och wivill verschidden Läit lo do schon verdëngen (virtuell Immobilièren??). Mee die maan daat quasi fulltime dee Moment.
De Problem deen ech bei sou ‘Spiller’ gesinn ass einfach den ‘amount’ vun Zäit deen een deen Moment virtuell do verbrengt (oder verbrengen muss fir dass et eppes brengt). Wann een daat professionell mecht, ass daat jo ok an kennt op daat selwecht raus wéi wann een soss zwousch mam PC muss schaffen. Wann een allerdengs och nach an senger Fräizäit do Stonnen a Stonnen (virtuell mat villen Läit, mee physesch alleng!) verbrengt, leeft daat op eng Art Zombie-Liewen raus, färten ech …
July 4th, 2006 at 11:37
Naja, ech ging och net méi Zäit do verbréngen, wi déi, di ech brauch, fir eppes a mäi Blog ze schreiwen oder aaner Blogen ze liësen ;)
Ech probéiren lo z. Bsp. ë kléngt Geschäft opzemaachen a wann dat éischt steet, muss ech jo net permanent do sin, d’Leit kënnen och esou era kommen an eppes kaafen. Dat geet dann alles automatesch. Dat Ganzt ass fir mech méi wi ën Experiment.
A wi gesoot, ët ass kee Spill, ‘t muss een ët einfach nëmmen als Ergänzung zum Rescht vum Internet gesin, niëwent Web, Email, IRC, Usenet asw…
July 4th, 2006 at 17:52
An waat kascht dech daat? Ech woer op de Site kucken, déi hunn awer hefteg Abo-Käschten, nee?
July 4th, 2006 at 17:55
Ma nee, wi gesoot, du kanns dech och gratis umellen. Just wann ee wëll Land kaafen, brauch een ë Premium-Account, fir Geld ze wiësselen, muss een just Paypal oder Kreditkaart uginn, awer net onbedengt eppes bezuëlen. Mäin Ziel ass ët, härno eppes eraus ze kréien, ouni datt ech eppes dra muss stiëchen. Ech froë mech, ob mer dat geléngt.
De gratis Accès ass och flott fir einfach mol eran schnupperen ze goën a kënnen de Forum duërch ze liësen.
July 21st, 2006 at 17:02
Ech geif et interessant fanne, vue que daat verschiddenen vun denen Objecter jo sou onmasseg wertvoll sin, ob et meiglech ass, dorobber obzebauen an eng Art Secherheetsdengscht opzebauen…
Ass daat meiglech an dem System?
January 8th, 2007 at 18:03
[…] Nodeems ech ën hallewt Joër nemmi dra war, wor ech iwwert d’Feierdeeg mol rem an Second Life kucken. A läschter Zäit wor des 3D-Welt jo zimlech vill an de Medien present; grouss Firmen wi IBM oder Organisatiounen wi di zwou grouss US-amerikanesch Parteien hun do sougenannt “Events” ofgehaal. Dunn gouf de Server mat den Passwiërder gehacked (ech hu mäint och misste wiësselen). U sëch hat sëch nach net vill verännert. Beim Client sin ë puer Optiounen dobäi komm, d’Welt sélwer (de “Grid”) ass mi grouss gin a mëttlerweil sin duërchschnëttlech baal 20.000 Leit gläichzäiteg online, wat de Lag ë bessen ongemiddlech mëcht. […]