Archive for August, 2006

Zeitschaft

Wednesday, August 30th, 2006

Dat heiten gett lo eng nei Reih a méngem Blog, wou ech kléng Kritiken vun deene Bicher hi schreiwen, déi ech grad geliës hun.

Originalnumm: Timescape
Auteur: Gregory Benford
Joër vun der Publikatioun: 1980

An der Zoukonft (1998) steet d’Welt virun engem ökologesche Kollaps a Wëssenschaftler versichen eng warnend Noriicht an d’Vergangenheet (1962) ze schécken. Mä wärt dat hinne geléngen a wärt d’Noriicht och verstaan gin?

De Gregory Benford, sélwer héichkarätege Wëssenschaftler, beschreiwt mat desem Buch den Alldag vun zwou Generatiounen vun Forscher, déi net nëmmen ganz nei Beräicher vun der Wëssenschaft mussen erforschen, mä och gläichzäiteg Erkenntnesser iwwert sëch sélwer an hir Relatiounen mat der Emwelt fannen. Den Iwwergang tëschent der Arbecht, d’Noriichten ze schécken oder së z’empfänken an dem Privatliëwen vun den Bedeelegten ass fléissend a quasi net z’erkennen. Dat eent huët Afloss op dat aanert an ëmgedréint. Doduërch erginn sëch och dem Liëser ganz nei Aspekter am Hibléck op ë Weltbild, dat opmannst a fréieren Zäiten absolut a just luësem Wandel ënnerloug. Wou hällt bei Ënnersichungen di eegen Subjektivitéit op a wou fänkt di allgemeng Objektivitéit un? Als Fazit léisst d’Buch d’Grenzen dovun verschwammen a stellt den “Beobachter” als ën Deel vum “Beobachteten” duër. Wéi kann een och ën Universum objektiv ënnersichen, wann een sélwer Deel dovun ass. Duërch d’Beobachten vun der Welt verännert een së gläichzäiteg och, well een sélwer ën Deel vun där Welt ass. Eng Erklärung aus der Quantephysik, déi och hir Plaaz am Buch huët. Ët bleiwt réng subjektiv an ët geléngt een un nei Erkenntnesser, net nëmmen iwwert d’Welt ronderem een, mä och iwwert een sélwer.

Am Allgemengen hun ech d’Buch duërchaus kurzweileg fonnt; eng gewëss Spannung hun ech ower heiansdo vermësst. Perséinlech sin ech meeschtens un der Haaptgeschicht vun engem Roman interesséiert an di kléng, charakterbezunnen Niëwegeschichten lenken heiansdo ë bessen of. Éischt géint der Schluss gouf mer bewosst, datt di perséinlech B-Storien vun den Protagonisten eigentlech just ë weideren Niveau vun der Haaptgeschicht sin, datt een d’Buch net einfach an Haapt- an Niëwegeschichten kann trennen, wéll së onweigerlech mateneen verbonnen sin. A genau dat ass och d’Haaptausso vum Roman sélwer. Ech kann d’Buch durchaus u Wëssenschaft an wëssenschaftlechen Methoden interesséierte Leit recommandéiren. Aanerer wärten Zeitschaft wuël just interessant fannen, wann së souwisou Fans vun der “haarder” Science-Fiction sin.

3 birthday

Thursday, August 3rd, 2006