3 birthday
Ët wor a läschter Zäit ë besse mi roueg hei. Engersäits wor ech an d’Vakanz, aanerersäits hat ech och net sou richteg Loscht an Iddi Eppes ze schreiwen… Nujee, sou ass dat. Wat mer awer lo gëscht zoufälleg opgefall wor, ass, datt mäi Blog haut säin 3. Gebuërtsdag feiert! Dat hätt ech am August 2003 wuël ni geduëcht, datt ech ët awer méi oder manner sou laang ging duërch haalen. U sëch hat ech mech éischter als Experiment op ë Blog agelooss, domols hat ech och nach keen sou ë schéinen Mainstreamblog mat WordPress, mä enger sélwer zesumme gefréckelt Léisung, di méi schlecht wi recht fonktionéiert huët. Vun Userkommentaren an Ping-/Track-backen keng Spuër. A grad dat sollt härno awer eng vun deene Fonktioune gin, di ech nemmi willt mëssen.
Mëttlerweil hun ech mer keen richtegt Ziel méi gesaat, wi am Ufank. Do wollt ech all puër Deeg eppes schreiwen, dunn all Woch, dunn all zwou Wochen asw… Mëttlerweil sin ech bei wéinstens engem Artikel am Mount, wat ech awer locker kann ënnerbidden. Ech hoffen, dat geet sou weider. Den Inhalt huët och net souvill changéiert; engersäits wëll een eppes Perséinleches schreiwen, aanerersäits awer och net zevill vun sëch präis gin, dat mëcht een jo am sougenannten "Real Life" och net. Ouni lo d’literaresch Qualitéit vu méngen Artikelen zë luëwen (di ass wahrscheinlech quasi inexistent), denken ech, ass mer dat awer gudd gelongen. Op di nächst dräi Joër!
August 3rd, 2006 at 19:14
Also ech liesen gären hei mat, wann ech Literatur wéillt géing ech en Buch liesen. ;) Op alle Fall dann emol herzlechen Gléckwonsch an ech hoffen dass de der Blogosphär nach laang erhaalen bleiws. :)