digital macgyver

Zënter läschtem Freiden gett hei zu Lëtzebuerg jo just nach digital per DVB-T gesend; analog ass “out”. A well ech mir virun enger Zäitchen sou ën USB-Dongle mat DVB-T-Empfänger kaaf hat, wollt ech dat mol ausprobéiren. Di matgeliwwert 12-cm-Stabantenne mat Magnéitfouss wor zwar formschéin an handlech, mä hat leider eng miserabel Empfangsqualitéit, respektiv iwwerhaapt keng. Ë verrauschtent Bild ass bei DVB jo technesch bedéngt net méiglech, duerfir hat ech guër keent. Ech wunnen an der Staad an do misst dëser Kaart zufolge no ën Empfang souguër am Haus sélwer méiglech sin. Mä vläit sin jo och di déck Maueren dru Schold.

Wéi och ëmmer, ech hun no enger Sich eraus fonnt, datt ech eng aktiv Antenne bräicht, déi ging méi ën staarkt Signal liwweren. Ech hat awer keng Loscht ëm di 25 € fir sou eppes auszegin. Op foljhender Säit sin ech dunn fündeg gin, wéi een sëch eng DVB-T-Antenne aus engem Coax-Kabel sélwer bastelt. An d’Kommentaren op deser Säit hun nach weider gehollef. Als kléngen Tipp: beim Ëmdiëbelen vum Mantelgeflecht einfach beim Schnatt ufänken an net uëwen, wou ët ophällt. Kléngt u sëch einfach, mä ech sin während Stonnen drun verzweifelt, bis ech dat nogeliës hun. Hei ass dann ëlo d’Resultat, d’Gittergeflecht hun ech mat Sëlwerpabeier verlängert a verstärkt, mengen ech opmannst. Domat hun ech lo och an der Staad kee Problem opmannst Kanal 27 an 24 mat enger Signalstärkt vun 82% z’empfänken, an dat bannen am Haus. Gesäit net schéin aus, mä muss ët jo och net.

Kabel als Antenne

3 Responses to “digital macgyver”

  1. Thierry Says:

    Mech nervt dat ganzt Gedeesems em DVB elo schon, wou soll een bei DVB-S, DVB-S2, DVB-C, DVB-T an DVB-H nach den Iwerbléck behaalen? Momentan hun ech en zwar nach, mee et gin garantéiert genuch Clienten dobaussen déi manner technik verséiert sin an séier verluer sin.

    Extreem lächerlech fannen ech et firun allem, dass bei DVB mat deem total veraalten Kompressiounsystem MPEG2 geschafft gett, amplaz deen momentan an der Qualitéit onschlagbaren H.264 ze benotzen.

    Méi wéi bescheuert ass et och vun RTL de Leit emmer nees un de Kapp ze werfen, si wieren déi éischt op der ganzer Welt déi just nach digital senden (Beispill: BBC sent schon zanter Méint nemmen nach digital), mee Desinformatioun war jo nach emmer d’Haaptaufgaab vunn RTL. :-P

    Firwat sou ee riesegen Opwand wann een dann um Enn trotzdeem nemmen eng Stärkt huet vun 82%, an dat och nach an der Haaptsaat an emmerhin mat DVB-T? Dat kléngt relativ lächerlech wann ee bedenkt wéi héich DVB dach vun der Industrie geluewt gett… Ech sin jiddefalls frou driwwer, dass ech an Zukunft net méi domatter genervt gin, an 3 Wochen hun ech IPTV - mee sou eppes ass hei am Land jo leider net méiglech mat deene luesen Leitungen…

    Hm ech reegen mech zevill op :D

  2. pa Says:

    Lëtzebuerg ass jo anscheinend och dat éischt Land, dat komplett op DVB-T ëmgestallt gouf. Analog ass ofgeschalt, mä dat ass bei sou engem klénge Land jo och mi einfach, wi lo an Däitschland oder Frankräich. Hei gett ët jo och just ee Sender zu Diddeleng.

    Ech hu lo och nach bei der Sendersich ee Sender mam Numm “IP-Traffic” fonnt, ech kréien ën awer net ugewisen. Wat soll dat da sin? Internet iwwert DVB-T? Wi soll dat da goën? Vläit ass dat och ën extra Feed, deen dann an dne IPTV agespeist gett oder sou. Zwou Radiostatiounen hun ech fonnt, mä kréien së och net gelauschtert. Do gett wuël nach ë bessen getest.

  3. Thierry Says:

    Asou, jo mee dat ass effektiv net schwéier bei sou wéineg Senderen. :)

    Déi Technik schéngt mer hei jo nach an den typeschen lëtzebuergeschen Kannerschong ze stiechen. :)

Leave a Reply