Salve Roma!
Originalnumm: Salve Roma!
Auteur: Akif Pirinçci
Joër vun der Publikatioun: 2005
Wi dem Francis säin Béchsenopmaacher (Herrchen) op Roum flitt, mëcht sëch den firwëtzege Kuëder heemlech mat op d’Rees. Kaum dohannen ukomm, entdeckt ën schon eng geheimnisvoll Mordserie ënnert séngen Aartgenossen, déi ë versicht mat neie Frënn opzeklären.
Das Leben ist schön - die Menschen sind häßlich!
Als een vu méngen absoluten Lieblingsauteuren aus Däitschland (niëwent dem Andreas Eschbach) beschreiwt den türkech-stämmegen Akif Pirinçci séng Romaner op sou eng blümant a phantasievoll Art a Weis, datt engem den zyneschen Sarkasmus nach wi Schlagsahn op der Taart fir kënnt. Dat heitent ass de 5. Deel aus sénger “Felidae”-Reih mat Romaner ronderem de Francis, de “Klugscheißer” aus der Kaatzewelt, déi och komplett aus der Vue vun Kaatzenaan beschriwwe gett. Wi gewinnt, fënnt een am Text sélwer Foussnotizen di am Unhank weider interessant Saachinformatiounen iwwert d’Stuffentigeren gin.
Fir mech leid de Roman sélwer ë bessen zevill um klischeehafte Schema, deen den Auteur zënter dem éischten Deel ëmmer rem benotzt. Duerfir wor mir och schon bal den Ausgank vun der Geschicht bekannt, soubaal alleguër d’Akteuren presentéiert woren. Wat an “Felidae” originell an innovativ gewiërkt huët an an “Francis” op d’Spëtzt gedriwwe gouf hun an “Cave Canem” an “Das Duell” genausou wi hei just nach ofgedrosche gewirkt. Ech kann lo net zevill an d’Detailler goën ouni zevill ze verroden, mä den Auteur ging gudd drun doën mol rem nei Iddien an dës Serie ze bréngen. Datt ën dovun nach eng Rei huët, beweisen aaner Romaner wi ee vu séngen läschten mam Numm “Die Damalstür“, deen vun enger Diir an d’Vergaangenheet handelt, duerch déi Leit no engem verpfuschte Liëwe gin, hir mi jonk Versiounen ëmbréngen an deenen hir Plaaz anhuëlen fir dat sélwecht Liëwen nach eng Kéier ze liëwen, just ouni Fehler. Ën turbulenten an immens spannenden Roman, hun ech fonnt, och wann d’Enn liicht enttäuscht.
“Salve Roma!” ging ech trotzdem nach kënnen empfehlen, besonnesch Leit, di nach keen Buch aus der “Felidae”-Reih geliës hun. Ët sin all Kéiers ofgeschlossen Romaner, sou datt een di aaner net muss onbedéngt kennen, mä den éischten Deel bleiwt ower de Beschten, sou datt een do och ging am meeschten verpassen.
Nach ë weidert Buch vum Pirinçci ass “Der Rumpf“, wat ech perséinlech als säin Bescht fannen. D’Geschicht vun enger händikappéierter Persoun, di ouni Been an ouni Ärm, mä mat enger héijher Intelligenz versicht, den perfekte Mord duërch ze féiren, gett mat vill bëssegem Sarkasmus beschriwwen an do bleiwt keen Aan drëchen vu lauter géckegen Iddien.
October 4th, 2006 at 22:50
sin virwetzen komm an wollt mech manifesteieren.Ech hun de Felidae gelies wou en rauskomm as an haat de Film (1993?) deck gudd fonnt.Dain Post motiveiert mech lo bei Geleegenheet op dei aaner Wierker vum Mann zreckzekommen.
Cool.
:-)