bengele werfen

Wat soll dat doten dann lo? Ech hun d’Blogosphäre ëmmer als relax empfonnt an da gett een do urplötzlech déck ënner Drock gesaat! Ech kruut ë Bengel zougeworf. Sin ech etwa ë Mupp? Da soll ët alt sin an ech äntweren. Do kann jo souwisou näischt Sériöses dobäi eraus kommen.

5 Dinge, die ich nicht habe, aber gerne hätte:
# Méng Rouh ;)
# Ë besse méi Naïvitéit a manner Sarkasmus
# D’Fähegkeet ze wëssen, wéini ech soll de Baak opmaachen
# Am Bus an am Kino keen Asi-paak niëwent mer sëtzen hun
# D’Asiicht, ze wëssen, wat ech gär hätt, awer net hun

5 Dinge die ich habe, aber lieber nicht hätte:
# Méng Rouh :(
# Ë besse méi Naïvitéit a manner Sarkasmus (do hun ech lo missten laang nodenken, wéngst der duëbler Negatioun a sou…)
# Lidderegkeet (duërch d’Gesetz vum kléngsten Effort verzögeren ech d’Entropie vum Universum ë bessen, wéinstens dat…)
# D’Fähegkeet baal an all Fettnäppchen eran zë trëppelen
# Ëmmer als läschten eppes gewuër gin

5 Dinge, die ich nicht habe und auch nicht haben möchte:
# Ë Joggingskostüm, fir domat Samschdegs Moiës mam Mupp romderem de Block d’BLÖD-Zeitung kaafen zë goën (uargh…)
# D’Fähegkeet sëch iwwerall an ze mëschen
# Ë Béierbauch
# Ën deieren Auto
# Onpünktlechkeet

5 Menschen, die dies noch nicht beantwortet haben, von denen ich mir das aber wünsche:
# Och nee. Ech hun dach keng Kollegen! Nee, sériö, all déi, vun deenen ech gär hätt, datt së gingen hei drop äntweren, hu kee Blog. A wann ech der lo nennen, di een hun, da vergiëssen ech der, oder ët sin der rosen, datt së net genannt goufen. Duerfir loossen ech dat léiwer sin. Ech soë Merci fir Ärt Versteesdemech.

Leave a Reply