spamalot

Nodeems ech lo just gemierkt hat, datt Spammer de Blogwiki geläscht haaten, wollt ech rem eng mi aal Versioun zréck stellen. Genervt hat mech dunn, datt den Mediawiki just nach di läscht zwou Versiounen gespäichert hat; allebéid natirlech vum Spammer. Di eenzeg mi aal Versioun war nach aus dem März, wou ën Script-kiddie mam Numm “cjb joseph” sëch an de Wiki "gehacked" hat. Fir de Kapp ze rëselen.

Gottsäidank hat de Monni Google nach di, mengen ech, läschte Versioun am Cache. Falls also een säi Blog ging dra vermëssen, soll ën ën einfach dra schreiwen. Ech wärt awer an Zoukonft wuël zu enger statescher Säit iwwergoën, wou ech Blogvirschléi, di mer per Kontaktformular geschéckt gin, androë wärt. Sidd der lo zefridden Spammer?

Ech ziëlen mol op, wou ech lo mëttlerweil iwwerall Spamm kréien: als éischt mol natirlech per Email. Derer hun ech am Moment eng 5 mat Dozenden vun Aliasen fir allméiglech Zwecker. Insgesamt sin dat eng ronn 50 Spammailen den Dag. Dann de Kommentarspam; dee gesäit een zwar net um Site, wéll ën korrekt als Spam erkannt gett, mä ech muss ën trotzdem manuell läschen. Dee läit am Moment fir meng 2 Blogen bei net ze gleewenden 10.000 Artikelen an der Woch! Dann de Spam deen iwwert eng Rei Kontaktformularer kënnt, eng Ronn 5 an der Woch. Dann schreiwt mer iergend een ongeféier eng Kéier an der Woch bei d’Zoufallslinken op der Haaptsäit iergend welch russech Pornosäiten dran. An lo natirlech och nach de Wiki iwwert lëtzebuergesch Blogen.

Firun Joren hat ech eng Kéier geliës, datt d’Spamläschen ging zum Stëbs-wëschen vum 21. Jorhonnert gin. Ët ass, menger Meenung no, scho vill mi wäit, wi just eng deeglech Aarbecht. Spam ass de Knätsch, deen engem ënnert dem Schong oder un der Box pescht. Spam ass deen Typchen op der Bushaltestell, deen sëch all Dag mat der Zigarett ëmmer an déi Richtung stellt, aus där de Wand kënnt. Spam ass déi Persoun, di sëch bei der Keess am Buttek ëmmer firun een dréckt an ët och nach schafft. Spam ass den Terrorismus am Luësen. Spam ass den George W. Bush. Spam ass Al Quaeda. Spam ass… …ass dat ofgronddéift Béist!

3 Responses to “spamalot”

  1. Thierry Says:

    Amplaz Aliasen op deng eegen Email ze benotzen, probéier mol eng Kéier dodgeit.com aus wanns de iergendwou muss eng Email ugin. Du tipps dann einfach XY@dodgeit.com oder pa@dodgeit.com, egalwaat@dodgeit.com wat och emmer an, an dann gees de op dodgeit.com, tipps do d’Email an, an zack kanns de d’Mail opmaachen mat den Daten fir dech an engem Forum unzemellen oder soss iergendeng Dommheet wou een just eemol eng Email brauch. ;)

  2. pa Says:

    De Virdeel ass, datt ech fir di Aliasen ze kucken, just eng Email muss nokucken goën. Wann iwwert iergend een Alias opeemol Spam ra kënnt, da gett deen einfach geläscht. An ech weess, wéi eng Säit d’Adress u Spammer weider gin huët.

  3. pa Says:

    Sou, de Spammer war lo grad rem um Wiërk. De Blogwiki ass lo statesch. Aus die Maus! Ech setzen dann d’Linken manuell drop.

Leave a Reply