Archive for December, 2006

truthiness = wourelzecht

Sunday, December 10th, 2006

Den engleschen Merriam-Webster-Dictionnaire huet d’Wuert "truthiness" als Wuerd vum Joër 2006 gewiëlt. Do ass mer dach d’Fro komm, wi een dat kinnt op lëtzebuergesch iwwersetzen. Dat schéngt mer nach méi einfach, wi op däitsch oder franséisch. Duerfir behaapten ech mol, datt ech ëlo d’Wuert "Wourelzecht" erfonnt hun. Also, nach eng Kéier fir mat ze schreiwen: truth = Wourecht, truthiness = Wourelzecht. Dat ass de Fait, léiwer Konzepter oder Fakten ze bevirzugen, déi ee gär ging fir eng Wourecht halen, amplaaz vun Konzepter oder Fakten, di eng Wourecht sin. Ë Konzept, dat, ging ech soen, vun jiddfer Politker op der Welt schon zënter laangem benotzt gett. Ech wärd dat Wuert vun ëlo un versichen sou oft ze benotzen wi méiglech. Maacht mat, da gett dat Wuert rechtzäiteg fir di nächst Wahlen dat lëtzebuergescht Wuert vum Joër!